Monument fir d'gefalen Eisebunner Péiteng

Vu Wikipedia
Monument fir d'gefalen Eisebunner Péiteng
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Péiteng
Plaz Gare Péiteng
Koordinaten 49°33'16,13"N, 5°52'46,02"O
Ageweit 7. Mäerz 1954

D'Monument fir d'gefalen Eisebunner an der Salle d'attente vun der Gare vu Péiteng ass e Monument, fir un déi Eisebunnner aus der Gemeng z'erënneren, déi am Zweete Weltkrich hiert Liewen hu misse loossen.

Et goung zeréck op eng Kollekt ënner den Eisebunner, déi 1947 zesummegeluecht hunn, fir e Monument fir hir Kolleegen opzeriichten. D'Gemeng Péiteng huet mat bäigeluecht, an de Sculpteur Wintz krut d'Material gratis iwwerlooss[1].

D'Monument gouf de 7. Mäerz 1954 ageweit.

Et weist e Lëtzebuerger Wopen, mat drënner de Joreszuelen 1940-1945 an dem Text:

Les cheminots de Pétange
à la mémoire
de leurs camarades-martyrs

Lénks a riets dovu sinn d'Nimm vun de 17 Affer, ënner der Iwwerschrëft Honneur et Patrie, opgezielt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "La commune se souvient / Die Gemeinde erinnert sich", petange.lu