Monument national des mineurs

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Monument national des mineurs, um Bromeschbierg zu Keel, ass e Monument, dat un all déi Biergaarbechter soll erënneren, déi hiert Liewe bei hirer schwéierer Aarbecht gelooss hunn.

Geschicht [änneren]

D'Monument gouf den 8. September 1957 ageweit a steet vis-à-vis vun der Léif'frächen.

Beschreiwung [änneren]

Ee Kenotaph vun engem Biergaarbechter mat der Opschrëft "E'er an Dank den daperen Biergleit de' go'wen Blutt a Liewen fir Familgen an Hemecht" ass den Zentrum vum Monument. Ronderëm si 26 Éiereplacke montéiert. Op 19 dovu stinn iwwer 1.400 Nimm vun Affer vun Accidenter an de Minièren. Op deenen Anere sinn Zuelen ernimmt oder Biller aus dem Liewe vun de Biergleit. Niewent der Trap, déi op d'Monument féiert sti stenge Skulpture vum Keeler Kënschtler Georges Klein.

Illustratiounen [änneren]

Kuckt och [änneren]