Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (A)

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument aux morts:
Souvenir de la Paroisse aux morts pour la Patrie
1940/1945
Um Kierfecht nieft der Kierch Aasselbuer 1948 50° 05’ 45.3’’ N
      05° 58’ 19.4’’ O
Erënnerungsplaz Am Haff vun der Millen Aasselbuerer Millen 50° 05’ 16.73’’ N
      05° 57’ 51.82’’ O
Monument aux morts:
Ils sont morts pour nous 1940-1945
Nieft der Kierch Äischen 1952 49° 41’ 09.0’’ N
      05° 52’ 35.6’’ O
Monument aux morts Um Kierfecht Akescht 49° 58’ 53.5’’ N
      06° 07’ 23.0’’ O
Plaque commémorative:
Gestuerwen fir d'Hémecht: 5 Nimm
An der Kierch Allerbuer 1947
Monument aux morts:
A nos victimes de guerre 1940-1945
Virun der Kierch Altwis 1959 49° 30’ 38.7’’ N
      06° 15’ 25.3’’ O

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.