Moof

Vu Wikipedia
Moof
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1992
Websäit www.moof.lu
Logo
MooF Live an der Rockhal Esch Belval

MooF (genannt no der Faarf Mof), ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi 1992 gegrënnt gouf an aus 6 Membere besteet.

Hire Stil geet vu Rock bis Hardrock, vun hinne selwer als Moof-Rock bezeechent. Zanter 1994 sinn hir Texter op Lëtzebuergesch. Thematiséiert ginn dora Gewalt, Rassismus, Drogen oder Fräiheet.

1999, 2002, an 2012 ass d'Grupp beim Rock um Knuedler opgetrueden,an 2010 fir Rock um Knuedler 20th anniversary am Atelier.

Den 3. Mäerz 2012 war an der Escher Kulturfabrik 20 Joer MooF Feier, mat de Band's, Serge Tonnar & Legotrip, Tëschegas an den Gang.

2013 gouf d'MooFest gegrënnt mam Zil fir karitativen Organisatiounen e Stand zur Verfügung ze stellen, fir datt se iwwer hir Aarbecht informéiere kënnen an de Leit d'Organisatioune méi no ze bréngen. D'Recette ginn integral enger karitativer Organisatioun gespent andeems all d'Gruppen an Artiste op hir Gage verzichten. Jonk Gruppen oder Newcomern, egal mat wat fir engem Genre vu Musek, kréien eng Méiglechkeet gebuede fir virun engem grousse Publikum ënner professionelle Bedingungen opzetrieden. Bekannt Gruppe sinn och mat am Programm fir sou vill Leit wéi méiglech kënnen unzezéien.

MooFest 2013.04.06 - KUFA - MM8 -Stëmm vun der Strooss. Band's - Mindless Anger -Progress -Shirkadath -Crazy Fruits -Diario -de Läb -MooF -Spack-O-Mat

MooFest 2014.04.05 - KUFA - MM8 -Alzheimer lu. Band's - Luceed -The Michael Shepherd Band -T -the Boss -MooF -Mambo Schinki -Lost in Pain

MooFest 2015.04.04 - KUFA - MM8 -Fondatioun Thierry Van Werveke. Band's - UNE -Bommeleeer Gewerkschaft -Heavy Petrol -Serge Tonnar Legotrip -MooF -Clanrock

MooFest 2016.04.09 - KUFA - MM8 -Plooschter Projet. Band's - Kevin Heinen -Fallen Lies -Devnull -Corona Dark -MooF -Scarlet Anger -The Bangin'Men

MooFest 2017.04.08 - KUFA - MM8 -Fondation.Jugend- an Drogenhëllef. Band's - Crying Souls -Insert Bandname -Sleepers' Guilt -Kitshickers -Diario -MooF 25 Joer -Schëppe Siwen

MooFest 2018.03.10 - KUFA - MM8 -Fondatioun Thierry Van Werveke.Special Edition. Band's -Thousand Lakes -Fourth Circle -MooF CD Release (Net Fräckt ze kréien) -SIXPAX Comeback

MooFest 2019.03.15 - Rockhal Rocklab - MM8 -Fondatioun Thierry Van Werveke. Stëmm vun der Strooss Band's -Alien Pitch Cat -STELISE -De Pascal Vu Wooltz -Der Däiwel -MooF -De La Mancha

MooFest 2020.02.08 - Rockhal Rocklab - MM8 -Fondatioun Thierry Van Werveke. Stëmm vun der Strooss Band's -Dapple Rose -Pineway -Atomic Rocket Seeders -MooF -SKOR

MooFest 2021 ?

Bandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Alex Heyar - Gesang
  • Marc Reuter - Gittar
  • Paul Pintsch - Gittar
  • Romain Reuter - Keyboards
  • Carlo Remiche - Bass
  • Pascal Simon - Batterie
  • Fréiere Member: Bernard Beck

Discographie (Albumen)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: Demo
  • 1994: Fonkelnei
  • 1996: Ouni Garantie
  • 1998: 't deet esou wéi
  • 2001: Ech sin einfach gutt
  • 2009: Béise Jong
  • 2012: 20 Joer (Kompilatiounsalbum)
  • 2017:2018 Net Fräckt ze kréien

Compilatiounen (Albumen)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997, 5 Joer Eldoradio top - MooF T'as ze spéit
  • 2000, RTL Planet Letzebuerg - MooF Fëscher a Jeër
  • 2001, a little bit of history - MooF Tätowéiert
  • 2001, the next generation - MooF Alcohol am Blutt
  • 2001, Cool Feet and Frends Merry Xmas Everybody - Alex Heyar vu MooF
  • 2006, Merryluxmas - MooF All Joer ëm dei selwecht Zäit
  • 2010, Panet Lëtzebuerg Reloaded - Firwat vu MooF no gespillt vum Serge Tonnar
  • 2011, D'Kees OP AN d'Klacken ERAUS - Halwer Zing de moien, vun Nazz Nazz (Thierry van Werveke) gesonge vum Alex H, an de Läb - Firwat vu MooF gesonge vum Alex Heyar an Sascha Ley
  • 2015, NAZZ NAZZ Reloaded – Red Eyes op Lëtzebuergesch Roud Aen vun MooF  
  • 2018 Mär sinn aarme Sai mat der CREAMISU

Discographie (Video)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luke Haas: Lëtzebuerger Rocklexikon II (1987-1994), 1995, Éditions Revue, ISBN 2-919999-03-6
  • D'Stad Lëtzebuerg (Autor)Georges Hausemer,Rob Kieffer, ISBN 2-919999-03-6
  • MooF huet dat Lidd Äiskal (CD Ech sinn einfach gutt) fir déi 3e Nuit du Film Fantastique komponéiert a Live am Utopolice gespillt

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996, Best Pop/Rock 1996 vum Eldoradio an der Revue (Zäitschrëft)
  • 1998, Best Live-Band 1998 vun der Zeitschreft "DIP"
  • 1998, Best CD 1998 vun der Zeitschreft "DIP

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]