Moossstaf

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Moossstaf ass de permanente Rapport tëscht der Distanz vun zwéi Punkten op der Kaart an der Distanz vun dësen zwéi Punkten um Terrain.

Et gëtt tëscht dem numeresche Moossstaf an dem graphesche Moossstaf ënnerscheet.

Numeresche Moossstaf[änneren | Quelltext änneren]

Mat Hëllef vum numeresche Moossstaf kann een d'Distanz ausrechnen:

  • "D" ass eng horizontal Distanz tëscht zwéi Punkten um Terrain (a km ausgedréckt).
  • "d" ass d'Distanz tëscht deene selwechten zwéi Punkten op der Kaart (an cm ausgedréckt).
  • "M" ass de Moossstaf

Mir hunn: D=d*M oder d=D:M oder M=D:d

Graphesche Moossstaf[änneren | Quelltext änneren]

D'Legend vun enger Mier-Kaart

Mam graphesche Moossstaf gëtt d'Distanz direkt op der Kaart gemooss, ähnlech wéi mat engem Lineal.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moossstaf – Biller, Videoen oder Audiodateien