Morcenx

Vu Wikipedia
Morcenx
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Wope vum Departement Landes Landes
Arrondissement Mont-de-Marsan
Kanton Pays morcenais tarusate
Postcode 40120
Gemengecode 40197
Koordinaten 44° 02’ 02’’ N
      00° 54’ 47’’ W
Fläch  6.208 ha
Bevëlkerung  4 607 (2009)

Morcenx ass eng franséisch Gemeng am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine.

D'Gemeng besteet aus zwou Uertschaften an zwar d'Haaptuertschaft Morcenx, och nach dacks Morcenx-Gare genannt fir se vun der anerer Morcenx-Bourg z'ënnerscheeden.

Een Deel vun de fréiere Kuelegrouwen, ee vun de fënnef Weieren tëscht Morcenx an Arjuzanx läit um Territoire vun der Gemeng, an ass als Erhuelungsgebitt amenagéiert. Déi aner sinn integral als Naturschutzgebitt klasséiert an deem Hoergänsen iwwerwanteren oder als Raschtplaz wärend der Migratioun benotzen. Ronderëm de ganzen Areal si Plazen agericht fir déi grouss Vullen z'observéieren.

D'Schlass Agès zu Morcenx-Bourg