Morvan

Vu Wikipedia
Koppen am Morvan

De Morvan (aus dem kelteschen Mar, schwaarz, a Vand, Bierg), tëscht dem Dall vum Serein an deem vun der Loire ass e franséische Biergmassiv am Weste vun der Bourgogne, an den Departementer Yonne, Nièvre, Côte-d'Or a Saône-et-Loire. Typesch fir de Morvan si seng Bëscher an d'Bocagen

Déi héchst Koppe sinn den Haut Folin mat 901 Meter an de Mont Beuvray mat eppes klengs iwwer 800 Meter. D'Géigend ass markéiert duerch en dicht Netz vu Waasserleef a ville kënschtleche Séien. D'Waasserleef am Morvan hunn eng Totallängt vun iwwer 2000 km.

Duerch de Morvan leeft d'Waasserscheed tëscht dem Baseng vun der Seine an deem vun der Loire. Am Norden an am Oste lafen d'Baachen an d'Seine. Déi gréisst dovu sinn d'Cure, de Cousin an d'Yonne. Am Süde lafe se an d'Loire, respectif an Nieweflëss dovun, wéi an den Arroux an an den Aron.

Am Morvan gëtt et 6 grouss Séien:

  • De Lac des Settons mat enger Waasserfläch vun 320 ha, war fréier eng Waassereserve déi lassgelooss gouf wa vill Waasser gebraucht gouf fir Holz ze fléissen. Haut ass et eng beléift Fräizäitplaz.
  • De Lac de Pannecière mat 520 ha, ass de gréisste Séi. E gouf ugluecht fir de Waasserstand vun der Seine ze regléieren.
  • De Lac de Chaumeçon huet 135 ha a gëtt vun der EDF gebraucht fir Stroum ze produzéieren.
  • De Lac du Crescent mat 165 ha gëtt och fir Stroumproduktioun benotzt.
  • De Lac de Saint-Agnan mat 142 ha ass e Reservoir fir Drénkwaasser.
  • De Lac de Chamboux mat 75 ha gëtt och fir Drénkwaasser gebraucht.

De Morvan, deen zanter 1970 am Parc naturel régional du Morvan agebonnen ass, ass den nooste Biergmassiv vun der Paräisser Agglomeratioun.

D'Bëscher am Morvan, déi iwwer 50% vun der Fläch anhuelen, sinn ideal fir spadséieren ze goe well se vun engem dichten Netz vu Weeër duerchzu sinn. Dëst kënnt dohier, well d'Holz aus dem Morvan scho fréier ganz wichteg fir déi franséisch Haaptstad war, an eng Exploitatioun zu all Moment huet misse garantéiert sinn.

Iwwer e puer Joerhonnerten ewech huet de Morvan d'Holz fir Paräis geliwwert. Wann d'Beem geha waren, goufe se iwwer déi sëllege Baachen no ënnen transportéiert an a grousse Basengen op der Cure an um Cousin goufe Fléizer zesummegestallt, op deenen och nach aner Produite mattransportéiert goufen, dorënner och Wäin aus dem Auxerrois. Iwwer d'Yonne an d'Seine si se da weider op Paräis gedriwwen. De Wäi gouf dann um rietsen Uwänner zu Bercy ausgelueden oder um lénksen Uwänner op der Plaz wou haut d'Faculté des Sciences steet. Duerno goufen d'Fléizer auserneegerappt an d'Holz dovun ass zu Paräis verfeiert ginn.

Landschaft am Morvan

Dësen duebele Commerce war d'Origine vun de sougenannte Paräisser Bougnats, déi tëscht 1950 an 1960 lues a lues veschwonne sinn. Do konnt een nieft dem Holz an dem Wäin och Holzkuele kafen déi am Morvan produzéiert goufen.

D'Bëscher vum Morvan, déi hautdesdaags zu engem groussen Deel aus Nolenholzaarte bestinn, beliwweren déi sëllege Seeëreien déi et do gëtt. Een Haaptprodukt sinn Telefonspottoen. Grouss Deeler vum Terrain si vu Plantage fir Chrëschtbeem besat. Zanterhier Nolenhëlzer ugeplanzt ginn hu se sech bis elo ronn 36% vun der Totalfläch vun 121.000 ha ënner den Nol gerappt, an d'Holzaart déi sech do am stäerksten duerchgesat huet ass d'Douglasdänn.

Do wou keng Bëscher sti fënnt e kleng Parzelle mat Weeden op deene Ranner gezillt ginn.

Bocage-Landschaft am Süd-Morvan am Departement Saône-et-Loire

Lëscht vun de Gemengen am Morvan[änneren | Quelltext änneren]

An der Côte-d'Or
An der Nièvre
An der Saône-et-Loire
An der Yonne

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Morvan – Biller, Videoen oder Audiodateien