Moschterplooschter

Vu Wikipedia

D'Moschterplooschter ass eng Heelplooschter déi op d'Broscht opgedroe gëtt, a gebraucht gëtt fir ze hëllefen d'Bronchen ze degagéieren. Se gëtt op Basis vu Moschtermiel hiergestallt.

Se gouf 1866 vum franséischen Apdikter Paul Jean Rigollot entwéckelt, an 1867 op der Weltausstellung zu Paräis presentéiert.

Se gouf duerno vun de Spideeler vu Paräis, vun de franséische Militärspideeler, an och vun der franséischer an englescher Marinn gebraucht.