Moskwa-City

Vu Wikipedia
Moskau City 2016
Moskau City am Juni 2014
Moskau City 2008

Moskwa-City (oder Moskau City, russ.: Москва-Сити) ass en neie Quartier an der russescher Haaptstad Moskau, deen nach am Gaang ass, gebaut ze ginn. Mam ganzen Numm heescht e Moskauer Internationalen Handelszentrum Moskwa-City (Московский международный деловой центр «Москва-Сити»).

E läit haaptsächlech um lénksen Uwänner vun der Moskwa, um westleche Bord vum Bezierk Zentrum, eng 5 km Loftlinn ewech vum Kreml. Et solle virun allem Geschäfts- a Bürosgebaier dohikommen, dorënner eng ganz Rëtsch héich an architektonesch spektakulär Wollekekrazerten. An eenzelen dovu si Luxuswunnengen dran.

1992 gouf d'Aktiëgesellschaft Moskwa-City gegrënnt, déi de ronn 100 Hektar groussen Terrain vun der Stad gepacht huet, fir dorop Bauprojeten auszeféieren. Den Terrain louch relativ no um Zentrum, a war gutt un d'Transportinfrastruktur ugeschloss. E puer Joer drop gouf mat den Aarbechten ugefaangen.

Markant Héichhaiser a soss Bauwierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Tower 2000 (2000/2001 als éischte fäerdeg), en Héichhaus mat 34 Stäck, an do derbäi d'Bagrationbréck (1997) iwwer d'Moskwa.
  • Evolution (virdrun City Palace oder Wedding Palace), 249 Meter héich mat 48 Stäck, war 2014 fäerdeg.
  • Imperia Tower, 239 Meter héich mat 60 Stäck (geplangt)
  • Gorod Stoliz (engl. Capital City; 2010 fäerdeg), 2 Tierm, deen een ("Moskau") 302 héich mat 76 Stäck, deen aneren ("Sankt Péitersbuerg") 257 Meter héich mat 65 Stäck. D'Tierm gesinn aus wéi openeegetässelt Baukastestécker.
  • Naberejnaja-Tuerm, e Komplex mat 3 Héichhaiser, dorënner een 268 Meter héije Wollekekrazert (fäerdeg resp. 2003, 2004 an 2007).
  • Eurasia (am Bau), soll 309 Meter héich ginn a 75 Stäck hunn.
  • Federazija, e Projet vun 2 Héichhaiser mat driwwer enger Tuermspëtzt vu 506 Meter, eent vun 360 Meter/93 Stäck an eent vun 243 Meter/62 Stäck (ugefaangen 2004, soll 2017 fäerdeg ginn).
  • Mercury City Tower, 339 Meter héich mat 75 Stäck (vun 2009 bis 2013 am Bau).
  • Oko Business Centre, e Gebaikomplex aus dräi Tierm: um Südtuerm hu se vun 2011 bis 2015 geschafft fir en op 354 Meter a 85 Stäck eropzezéie wouduerch e momentan deen héchste Wollekekrazert an Europa ass, den Nordtuerm huet 245 Meter an 49 Stäck, an dann ass dernieft nach en dräi Stären Hotel mat 79 Meter an 22 Stäck.
  • Nordtuerm (russ. Северная башня), 108 Meter mat 27 Stäck, 2007 fäerdeg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moskau City – Biller, Videoen oder Audiodateien