Mosteiro dos Jerónimos

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Hieronymusklouschter zu Lissabon

De Mosteiro dos Jerónimos oder Hieronymusklouschter, ass e Gebai zu Lissabon a Portugal dat am Manuelinik-Stil gebaut ass. Dat ass déi portugisesch Variant vum spéitgotesche Stil, an deem een och Elementer erëmfënnt, déi op d'Renaissance zeréckzeféiere sinn.

Et ass en 300 m laangt Gebai, bei deem déi räich Dekoratiounen aus Kalleksteen op der Fassad gutt erauskommen. An de Säitefligele sinn haut de Marinemusée an den archeologesche Musée ënnerbruecht. Dëst herrlecht Bauwierk ass vun der UNESCO op d'Lëscht vum Weltierwe gesat ginn. Et läit direkt beim Tuerm vu Belém, deem Tuerm, dee fir Portugal eng symbolesch Bedeitung huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Dezember 2007 gouf do den Traité vu Lissabon ënnerschriwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Säit vun der UNESCO mat der Lëscht iwwer d'Weltierwen


Commons: de Mosteiro dos Jerónimos – Biller, Videoen oder Audiodateien