Mouerenapdikt an der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Déi zwou Keramike goufen am Juli 2020 zougedeckt. D'Gerücht, datt dëst am Kontext vum Doud vum George Floyd geschitt wier, huet d'Désiré Biver, d'Pressespriecherin vum der Stad Lëtzebuerg, net bestätegt, mä mat de Stroossenaarbechten derniewent erkläert[1].

D'Mouerenapdikt (de: Mohren-Apotheke, fr: Pharmacie des Nègres)[2] war eng stadbekannten Apdikt op der Nummer 8 an der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg, op der Plaz vum Roude Pëtz, um Eck vun der Groussgaass an der Casinosgaass[3]. Si huet vum Ufank vun den 1950er Jore bis 2007 op dëser Plaz bestanen.[4]

Déi zwou Keramike lénks a riets vun der Entrée stelle jee e Mouer duer. Si goufen an der Keramiksfabréck Helman vu Bréissel, op en Entworf vum Léon Nosbusch gebrannt[3], warscheinlech kuerz nodeem d'Mouerenapdikt, déi virdrun op N°18 an der Groussgaass war, sech op dëser Plaz etabléiert hat.

D'Apdikt ass 2007 vun der Nofollgerin vum Apdikter Robert Widung, der Apdiktesch Claude Pfeiffer, a Pharmacie du Ginkgo ëmgedeeft ginn. Enn Mäerz 2009 ass se an de Kräizgrënnchen, Nr. 3,[5] geplënnert.[4] Duerno gouf d'Gebai an der Groussgaass ëmgebaut. D'Entrée vum Gebai mat deenen zwou Keramike koum den 8. Mee 2009 op den Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter[6] a blouf beim Ëmbau vum Gebai erhalen. An d'Raimlechkeete vun der fréierer Mouerenapdikt ass nom Ëmbau 2011 e Poschegeschäft agezunn.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Mohren-Apotheke (Mouerenapdikt) ass an Däitschland staark verbreet, grad sou wéi zum Mohren als Bezeechnung fir Aubergen oder Hotellen.

Laut engem Artikel vum Alfred Nimax huet 1682 an der Stater Groussgaass eng Apdikt existéiert, déi zum Mohren geheescht huet, an aus där sech déi spéider Mouerenapdikt kënnt entwéckelt hunn.[7] An den historeschen Dokumenter gëtt et awer och eng Auberge, déi zum Mohren geheescht huet an déi schonn um Ufank vum 17. Joerhonnert do war.

Supp oder Hausnumm?[änneren | Quelltext änneren]

Wat déi fréier Stater Auberge zum Mohren ubelaangt, sou huet de François Lascombes gemengt, hiren Numm hätt näischt mat engem Mohr ze doen, mä mat engem Moor, enger Supp, déi do an der Géigend gewiescht wier, an de Wiert hätt sech beim Choix vum Numm vun der Auberge dovun inspiréiere gelooss.[8] Den Evy Friedrich sengersäits huet d'Hypothes opgestallt, et kéint en Zesummenhank gi mat dem (hypotheteschen?) Hausnumm beim Mouer, dee vun der Famill More, déi vu 1444 un an de Konte vun der Stad Lëtzebuerg geféiert gouf, géif hierkommen.[9]

Moueren / Mauren?[änneren | Quelltext änneren]

A puncto Apdikt kann een den Numm an enger éischter Approche op d'Moueren (de: Mauren, fr: maures) zeréckféieren. Mat Mauren sinn an dësem Kontext d'Mosleme mat berber an arabeschen Originne gemengt, déi sech am Mëttelalter op der Ibeerescher Hallefinsel niddergelooss hunn, vu wou aus sech déi héich entwéckelt arabesch Medezin iwwer Europa verbreet huet.[10] Den Terme Mauren ass och fir d'Araber allgemeng gebraucht ginn. De Begrëff huet also ursprénglech näischt mat dem Begrëff Mohr/Mouer ze dinn, wéi e spéider verstane ginn ass, nämlech als Bezeechnung fir en "Neger", e Schwaarzen aus Afrika.[11] Et sief bemierkt, datt am Mëttelhéichdäitsche kurant tëscht mōr (Maure) a swarzer mōr (Maure mit dunkler Hautfarbe) ënnerscheet ginn ass. Zanter dem 16. Joerhonnert gëtt d'Wuert Mohr am Däitschen awer nëmmen nach fir Mënsche mat schwaarzer Hautfaarf benotzt, an d'Wuert Maure an deem uewen definéierte Sënn.[12]

Hellege Mauritius?[änneren | Quelltext änneren]

Et ass och probéiert ginn, den Numm vun de Mouerenapdikten an -auberge vum hellege Mauritius (Saint Maurice), engem chrëschtleche Märtyrer aus dem 3. Joerhonnert, deen aus Theben an Egypten gestaamt huet, ofzeleeden.[13] Hie gëtt an der Konscht dacks als e Schwaarzen duergestallt.

Dräi Kinneken?[änneren | Quelltext änneren]

De facto, schéngt d'Explikatioun vum Mouer eng ganz aner ze sinn, op d'mannst wat d'Hotelsnimm betrëfft, an hätt eppes ze doe mat den dräi Kinneken, de sougenannte Weisen aus dem Morgenland ("Mohrenland"), de Patréiner vun de Wiert, de Kréimer, de Pilger an de Leit, déi op der Rees sinn.[14] Ee vun hinnen, de Kaspar, soll jo schwaarz wéi e Mouer gewiescht sinn.

An dem däitschen "Sternsingerlied"[15] Drei Könige vom Morgenland heescht et, de Kaspar, deen dem klenge Jesus Myrrhe bréngt, kéim aus dem Mohrenland: Der König Kaspar bin ich genannt. / Mein Reich liegt fern im Mohrenland. / Ich bringe Myrrhe für das Kind, / durch das die Welt Erlösung findt.[16] Myrrhe ass fréier an der Apdikt als Heelmëttel ze fanne gewiescht,[17] a sou kann ee sech virstellen, datt eng Relatioun tëscht dem Kaspar an den Apdikten etabléiert ginn ass, déi den Numm Mouerenapdikt erkläre géif.[18]

Et däerf een awer och net vergiessen, datt d'Apdikter zu der Kréimerzonft gehéiert hunn, an déi dräi Kinneken nieft de Wiert jo och Patréiner vun de Kréimer, also och vun den Apdikter, waren. An deem Fall géif d'Bezeechnung zum Mohren bei den Aubergen an den Apdikten op déi selwecht Originnen zeréckgoen.

D'Auberge zum Mohren[änneren | Quelltext änneren]

En éischten Hiwäis op eng Auberge zum Mohren an der Stad Lëtzebuerg gëtt et an engem Dokument aus dem Joer 1601, wou e gewëssenen Hans Heinrich wirtt zum Moren, deen am ieweschten Deel vun der spéiderer Philippsgaass gewunnt huet, ernimmt gëtt.[8] 1627 war den Nicolaus Bock Proprietär vun dëser Auberge, déi hien dem Hans Heinrich ofkaf hat.[19] 1652 an 1653 gouf den Theodor Krips als hospes Aethiopus, d. h. Wirt vun der Auberge Zum Mohren (op Latäin als Aethiopus = Äthiopier iwwersat) bezeechent.[20] Do dertëscht gouf et den Antoine Mery, vun deem hei ënnendrënner nach rieds ass.

Op Franséisch gouf d'Auberge au Morian genannt, en Numm, dee 1673 an engem Reglement iwwer d'Propperhale vun de Stroossen opdaucht.[21]

An engem Prozess aus dem Joer 1669/70 (Sankt-Johann-Hospiz vs. Mery) geet rieds vum alten mohren.[20] An engem anere Prozess, deen de Pierre Eysenbourg an den Apdikter Julien Leclerq 1677 géint den Nicolas Bourquin wéinst enger Servitude geféiert hunn, gëtt de Bourquin als Proprietär vum Nouveau Morian bezeechent.[22] Den Nicolas Bourquin (Borquin) war "Bürgerhauptmann" an "Stadtbaumeister". De 25. Mäerz 1682 gouf hie schwéier verwondt duerch d'Explosioun vun enger Granat, an den 29. Mäerz 1682 ass den Nicolas Borquin, hospes in Aethiope, am Alter vun 42 Joer u senge schroe Verletzunge gestuerwen.[23]

Mä komme mer zeréck op de virdrun ernimmte Mery.

Den Antoine Mery, Aubergiste, Dokter an Apdikter[änneren | Quelltext änneren]

Den Antoine (de) Mery (Mary, Marry, Moery, Meris), dee 1638 an der Stad Lëtzebuerg agebiergert ginn ass, war Aubergiste, Dokter an Apdikter. An den Dokumenter fanne mer hien als Affricanus Apothecquer, Mery in Aethiope oder Apotecarus ad aethiopem, awer och als hospes in Aethiope.[24]

Hien hat sech 1638 mat der Cäcilia Mohr (Moreau) bestuet an hat véier Kanner, déi tëscht 1639 a 1647 op d'Welt komm sinn. Wärend där Zäit war hie, wéi dat aus den Dafakte vun de Kanner ervirgeet, ganz kloer gläichzäiteg Apdikter a Patron vun der Auberge zum Mohren. Hie schéngt domat och de Grënner vun der éischter Mouerenapdikt gewiescht ze sinn, woubäu unzehuelen ass, datt d'Apdikt an d'Wiertschaft am selwechten Haus waren.

Et ass net gewosst, wéi laang hie sou geschafft huet. Erënnere mer drun, datt 1652 an 1653 den Theodor Krips als Wiert figuréiert. De Mery schéngt awer Proprietär bliwwen ze sinn, soss géif säin Numm wuel net an dem schonn ernimmte Sträit vu 1669/70 mat dem Hospice Saint-Jean wéinst dem alten mohren virkommen. Am acte de mariage vu senger Duechter Anna, déi sech ufanks vun de 1660er Jore mat dem Apdikter Julien Leclerq bestuet huet, gëtt de Mery nëmmen nach Dokter vun der Medezin genannt.[20]

Wat zu där Zäit mat der Apdikt lass war, ass net bekannt, grad sou wéineg wéi, wéini de Mery gestuerwen ass.

Den Dokter Julien Leclerq a säi Fils Edmond[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Relatioun tëscht dem alten mohren an dem spéideren Nouveau Morian war, ass och net kloer.

Ee Bindeglidd war jiddefalls de Julien (Jules) Leclerq, de Mann vun der Anna Mery. Wéi si sech bestuet hunn, war de Julien Leclerq e Wittmann, deen e Fils, den Edmond Leclerq (zirka 1660 gebuer), aus engem éischte Bestietnes mat der Jeanne Tondu hat. De Leclerq war zu Mailand (Italien) op d'Welt komm. 1655 war hie vu Léck aus op Lëtzebuerg komm, wou hie sech als Apdikter etabléiert huet, an am selwechte Joer an d'Zonft vun de Kréimer opgeholl ginn ass. Spéider huet hien op der Universitéit vu Pont-à-Mousson e Medezinstudium gemaach an huet sech 1685 beim Magistrat vun der Stad Lëtzebuerg als Dokter enregistréiere gelooss.[25]

Nom Doud vun der Anna Mery, déi zwee, zirka 1663 a 1668 gebuere Kanner op d'Welt gesat hat, huet de Leclerq sech mat der Marie Weynacht bestuet, déi 1684 gestuerwen ass. Mat hir hat de Leclerq siwe Kanner.

Am Juli 1688, huet sech säi Fils aus dem éischte Bestietnes, den Edmond Leclerq, mat der Magdalena Bourquin, der Duechter vum verstuerwene baumaitre Nicolas Bourquin (Borquin) an der Appolonia Krebs (Kribs, Kriebs), bestuet. Am September 1688 huet de Papp Leclerq sech fir d'véiert bestuet, an zwar mat der Appolonia Krebs, der elo grad ernimmter Wittfra vum Bourquin, der Schwéiermamm vu sengem Fils Edmond.

De Julien Leclerq huet an der Groussgaass gewunnt. Aus der Lëscht Nr. 7 vun de Logemens militaires aus dem Archiv vun der Stad Lëtzebuerg, déi tëscht November 1682 an November 1683 opgestallt ginn ass, geet ervir, datt am Leclerq sengem Haus ee Raum als Buttek an en anere fir d'Stockéiere vun den Droge benotzt ginn ass.[26] An der selwechter Lëscht gëtt fir d'Philippsgaas la vefue de feu Nicolas Bourquin Hostelaine, d'Wittfra vum Bourquin, d'hostelaine vum Nouveau Morian, ernimmt, déi do mat hirer Famill an hirem Personal — 5 enfans et son frère sire Kriebs[27], un valet et deux servantes — gewunnt huet,[28] net weit vum Leclerq senger Wunneng ewech, wéi deen uewen ernimmte Servitude-Sträit vu 1677 dat undeit.

De Julien Leclerq ass de 25. Juni 1703 am Alter vu 74 Joer gestuerwen.[29]

De Julien Leclerq ass ëmmer nëmmen einfach als Apdikter resp. Dokter bezeechent gouf, ouni iergendeng Referenz vum Genre zum Mohren oder ad Aethiopem. An trotzdeem ass hien e Bindeglidd tëscht dem alten Mohren — iwwer seng zwéit Fra Anna Mery — an dem sougenannten Nouveau Morian — iwwer seng véiert Fra, d'Wittfra vum Bourquin, an och iwwer säi Fils Edmond, deen d'Duechter vum Bourquin bestuet huet.

Den Edmond Leclerq war iwweregens och Apdikter. Hien a seng Fra, déi 1703 gestuerwen ass, hate véier Kanner, dorënner den Edmond Jules (Julianus) Leclercq (Leclerc), 1692 gebuer a 1747 gestuerwen, deen Dokter an der Stad Lëtzebuerg war.[30]

Den Henri Kugener freet sech, ob den Edmond Jules Leclercq Proprietär vun der Mouerenapdikt war a se vun engem Provisor féiere gelooss huet, an ob net ee vu senge Jonge spéider d'Apdikt iwwerholl hätt, fir se schliisslech un de Franz Schauer ze verkafen.[31]

D'Apdiktere Franz Schauer an Albert Lenoël[änneren | Quelltext änneren]

De Franz Schauer ass 1758 zu Braunau a Bayern op d'Welt komm. 1775 gouf hien Apdikter an Däitschland. Zäitweis huet hien eng Officine zu Bernkastel dirigéiert. 1781 koum hien an d'Stad Lëtzebuerg, wou hien am Ufank Provisor an der Apdikt vun der Veuve Seitz war. 1788 gouf hien offiziell als Apdikter zougelooss. An der Groussgaass huet hien d'Pharmacie des Nègres bedriwwen, déi hie vu sengem Virgänger Julianus Leclerc (dem Jong vum Edmond Jules Leclerq?) iwwerholl hat.[32]

De Schauer huet 1817 d'Mouerenapdikt un den Albert Lenoël (1774-1849) verkaf.[33] Den Toelle schreift, de Lenoël hätt 1803 d'Mouerenapdikt gegrënnt.[34] Dat ass natierlech falsch!

Dem Lenoël seng Successeure waren den Nicolas Rothermel (1832), Louis Charles Rothermel (1871) a Corneille Schroeder (1872). Si hunn d'Apdikt op Nr. 18 an der Groussgaass (beim Roude Pëtz) bedriwwen. De Nicolas Klees, deen d'Konzessioun 1898[35] kaf huet, ass an d'Nopeschhaus geplënnert (Nr. 16). Do sinn och de Jacques Bos (vu zirka 1921 un) an den Édouard Widung, deen d'Konzessioun 1933 kaf huet, bliwwen. Ufanks vun den 1950er Jore koum d'Apdikt dann op d'Nummer 8, wou se bis 2009 bliwwen ass.[36]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3 (S-Z). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1343-1756, [1]-23, [1].
  • Lascombes, F., 1976. Chronik der Stadt Luxemburg: 1444-1684. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg, 869 S.
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Nimax, A., 1969. Aus der pharmazeutischen Geschichte Luxemburgs. In: H. Hügel: Pharmaziegeschichtlicher Kongress in Luxemburg vom 11. bis 15. Juni 1969. Erweiterter Sonderdruck für die Mitglieder der Internationalen Gesellschaft für Geschichte der Pharmazie, aus Deutsche Apotheker-Zeitung 109 (1969), Seite 975-989: S. 16-23.
  • Rupprecht, A., 1932. Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794 à 1814: aperçu historique sur les anciennes rues et maisons de la ville haute. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 427 S. (Extraits de la revue "Ons Hémecht" années 1917-1928).
  • Rupprecht, A., 1979. Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794 à 1814: aperçu historique sur les anciennes rues et maisons de la ville haute. Nouvelle édition avec introduction, bibliographie et index par Carlo Hury. J.-P. Krippler-Muller, Luxembourg, XLIII, 468 S. (Études historiques, culturelles et littéraires du Grand-Duché de Luxembourg. Série A, Histoire générale et locale, monographies ; n° 8). Extraits de la revue "Ons Hémecht" années 1917-1928.
  • Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Grossherzogtum Luxemburg. Hofdruckerei Victor Buck, Luxemburg, 19 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. nas, Unter Schutz, Eingang der ehemaligen "Mouerenapdikt" wird provisorisch abgedeckt, Luxemburger Wort, 1.August 2020, S.32
  2. Extraits du registre aux firmes publiés en exécution de l'art. 2 de la loi du 23 décembre 1909. Memorial 1922, S. 82. [1]
  3. 3,0 3,1 Websäit vum Comité Alstad. [2]
  4. 4,0 4,1 wort.lu vum 26. Mäerz 2007: Mohrenapotheke zieht um
  5. Syndicat des Pharmaciens luxembourgeois asbl Archivéiert op 2012-03-13. Gekuckt de(n) 2012-03-05.
  6. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  7. Nimax 1969, S. 21.
  8. 8,0 8,1 Lascombes 1976, S. 434-435.
  9. Friedrich, E., 1985. Kalennerblieder. Bd. 5. J.P. Krippler. Lëtzebuerg, S. 95.
  10. Jos Massard op wort.lu de 26. Mäerz 2007. [3]
  11. Wörterbuchkommission, 1965/70. Luxemburger Wörterbuch. Bd. III. L-P. Luxemburg, S. 172s (Mouer) a S. 203 (Neger).
  12. Stéchwuert Mohr, de.wikipedia
  13. Stéchwuert Volkshaus zum Mohren, de.wikipedia
  14. Toussaint, A., 1998. Brauchtum: Volleksgebräicher ronderëm den Dräikinneksdag. Luxemburger Wort, 3. Januar 1998, S. 13. Kuckt och: Die Heiligen Drei Könige. [4]
  15. "Sternsingen" gouf et fréier och zu Lëtzebuerg. De Lascombes 1976, S. 446, schreift mat Referenz op den Datum vum 6. Januar 1605: Der heute verschwundene Brauch des "Sternsingens" scheint z. Z. viele Ferventen in der Stadt [Luxemburg] gehabt zu haben. In den Rechnungsbüchern der Abtei Neumünster heißt es «a quelques jeunes hommes s'allant pourchasser avecq une estoille en representant les Trois Roys» und «aux bouchers de la ville s'allant pourchasser pour les Roys».
  16. Volksmusikarchiv des Bezirks Oberbayern
  17. Pomet, P., 1717. Der aufrichtige Materialist und Specerey-Händler. Leipzig, Gleditsch & Weidmann, Kol. 381-384.
  18. Mohren-Apotheke zu St. Lorenz (Nürnberg), Historie Archivéiert op 2008-10-10. Gekuckt de(n) 2011-03-31.
  19. 1632 gëtt den Hans Heinrich als "Hoste" (Wiert) vun der Hostellerie "à l'enseigne des trois Roys" (!) (am Ufank vun der Groussgaass situéiert) ernimmt, e weideren Hiwäis op eng Relatioun "dräi Kinneken"/"zum Mohren"? (Lascombes 1976, S. 520).
  20. 20,0 20,1 20,2 Kugener 2005, Bd. 2, S. 1017.
  21. Lascombes 1976, S. 676.
  22. Kugener 2005, Bd. 2, S. 931.
  23. Lascombes 1976, S. 736-737. Kuckt och: Demuth, J., 1980. Das unbekannte und geheimnisvolle Luxemburg. Bd. 3. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, S. 36.
  24. Kugener 2005, Bd. 2, S. 1017-1018.
  25. Kugener 2005, Bd. 2, S. 931-932.
  26. Lascombes 1976, S. 744-745.
  27. De Kriebs war "Altarist" an der Nikloskierch (Lascombes 1976, S. 744).
  28. Lascombes 1976, S. 744.
  29. Kugener 1976, S. 932.
  30. Kugener 2005, Bd. 2, S. 932-933.
  31. Kugener 2005, Bd. 2, S. 933.
  32. Kugener 2005, Bd. 3, S. 1368. — Kuckt och: Rupprecht, Alphonse, 1921. Logements militaires ä Luxembourg pendant la période de 1794-1814. Ons Hémecht 1921, S. 209ss.
  33. Kugener 2005, Bd. 3, S. 1368; Kugener 2005, Bd. 2, S. 947. Rupprecht, A., 1932. Logements militaires à Luxembourg pendant la période de 1794 à 1814: aperçu historique sur les anciennes rues et maisons de la ville haute. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, S. 166. Cf. Luxemburger Wort 1849, Nr. 29 (9. März), S. 4 (Luxemburg, 5. März 1849). [5]— Laut Liez 1886, S. 119 [François Schaner (sic)], an Toelle 1920, S. 4, wier de Franz Schauer 1816 gestuerwen, wat awer net klappe kann.
  34. Toelle 1920, S. 11.
  35. Beim Toelle 1920, S. 11 & 17, steet e falscht Joer, an zwar 1899.
  36. Toelle 1920, S. 11; wort.lu vum 26. Mäerz 2007