Moundliicht

Vu Wikipedia
Moundliicht mat Halo

D'Moundliicht oder Liichteschäin, also dat vum Äerdmound reflektéiert Liicht, siëf et als Schäin vum Sonneliicht (Moundschäin) oder als Widerschäin vum Äerdliicht (Äerdschäin), ass am Duerchschnëtt nëmmen ee Milliounstel vum Sonneliicht dat d'Äerd direkt erreecht. Trotzdeem erschéngt eis de Mound nom Hallefmound vill méi hell, wat op de Kontrast zum méi donkle Stärenhimmel an d'Adaptatioun vum A zeréckzeféieren ass.

D'Intensitéit vum Moundliicht hänkt am Allgemenge vun dräi Faktoren of:

  1. der Moundphas – ongeféier am Verhältnes 1:30
  2. dem Héichtewénkel – Afloss vu 50 bis iwwer 80 Prozent
  3. dem Zoustand vun der Äerdatmosphär an dem Gehalt un Aerosolen.

Déi béid leschtgenannte Faktore beaflossen och d'Faarf vum Moundliicht.

D'Moundphasen an Ofstänn vu ronn 3,7 Deeg.
Den Hallefmound huet nëmmen ongeféier 11 Prozent vun der Vollmoundhellegkeet.

D'Hellegkeet vum Vollmound ass an der astronomescher Hellegkeetsskala an der Moyenne -12,5 mag, schwankt awer mat senger Distanz zu der Äerd (+/- aacht Prozent) ëm bis zu 17 Prozent oder 0,2 mag.

D'Hellegkeet vum Hallefmound ass net ronn 50 Prozent bezunn op de Vollmound, wéi een dat kënnt mengen, mä nëmmen ongeféier 11 Prozent, well nëmmen en Deel vum diffus reflektéierte Liichts d'Äerd erreecht, deen bal rechtwénkleg zu der Sonnenastralung zeréckgeworf gëtt, an d'Uewerflächerelief vum Mound och Schied wërft. Bei enger ganz schmueler Séchel ass d'Hellegkeet nëmmen dräi bis fënnef Prozent vum Vollmound. Niewen deem helle sonnebestraaltem Deel vun der äerdzougedréiter Mounduewerfläch kann een dacks och dee méi donklen Deel gesinn, deen d'Sonn net beliicht, awer d'„Volläerd“ beliicht. Dëse Widerschäin vum Äerdliicht, dat "äschegrot Moundliicht", mécht ongeféier 0,01 Prozent vum Moundliicht zum Vollmound aus.

Am Verglach zum Vollmound ass d'Sonn 300.000-mol bis 400.000-mol méi hell (-26 mag), den hellste Planéit d'Venus ass ongeféier 1500-mol méi schwaach (-4,4 mag) an den hellste Fixstär, de Sirius zirka 25.000-mol méi schwaach (-1,5 mag). D'Beliichtungsstäerkt bei Vollmound a klorer Nuecht ass op der Äerd ronn 0,2 Lux. Déi genannt Ënnerscheeder erschéngen eis erhieflech gedämpt, well d'Sënnesandréck vum A gi subjektiv no hiren Intensitéitsënnerschidder zimmlech no logarithmesch skaléiert festgestallt (Weber-Fechner-Gesetz).

En opfällegt Bild kann och den Halo oder Haff vum Mound sinn. An de kalen Hierscht- a Wanternuechte kënnen héich Loftschichten Äiskristalle enthalen, déi Deeler vum Moundliicht säitlech oflenken, soudatt en helle, heiansdo liicht gréngelzegen, perlmuttfaarwege Rank entsteet. Ofhängeg vun der Lag vun dësen Äiswolleken kann hie nëmme wéineg Wénkelgrad bedroen, awer och ongeféier 20 Grad an (ganz rar) bis iwwer 40 Grad. D'Moundliicht gëtt doduerch nëmme ganz wéineg méi schwaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moundliicht – Biller, Videoen oder Audiodateien