Moundmeteorit

Vu Wikipedia
De Moundmeteorit Alan Hills 81005

Moundmeteoritte si Meteoritte, déi hiren Urspronk vum Äerdmound hunn. Si goufen duerch Aschléi vun Asteroide oder Meteoroiden aus dem Mound eraus an de Weltraum geschleidert, an duerch Zoufall beispillsweis op der Äerd oder engem anere Planàit gelant.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Obschonn den éischte Moundmeteorit (Yamato 791197) am Joer 1979 fonnt gouf, ass seng Ofstamung eréischt um Meteorit Allan Hills 81005 1981 an der Antarktis nogewise ginn.[1] Bis 2006 goufen op der Äerd méi wéi 90 Moundmeteoritte fonnt. Duerch de Verglach mat der cheemescher Zesummesetzung, vun der Mineralogie a vun Isotopenheefegkeete tëscht Moundmeteoritten a Prouwe vu Moundgestengs, déi vun Apollo-Missioune stamen, ass de Mound als Urspronksplaz eendäiteg geséchert.

D'Moundmeteoritte stellen en nëtzlechen Unhank zu de Moundprouwen duer, déi duerch amerikanesch a sowjetesch Moundmissioune matbruecht goufen.

Um Exemplar Dho 280 gouf Hapkeit an nach zwou aner, onbekannt Eisen-Silicium-Mineralphase fonnt. Weider Beispiller vu Moundmeteoritte sinn de nëmme 19 Gramm schwéiere Calcalong Creek an at mat 1,4 Kilogramm bis elo schwéierst Exemplar DAG 400.

De Fonnt vum éischte Moundmeteorit hat Ufanks der 1980er-Jore zum Neesopliewe vun de Spekulatioune gefouert, datt et och Meteoritte vum Mars kéint ginn. Tatsächlech gouf am selwechte Joer deen éischte Marsmeteorit identifizéiert. D'Existenz vu Moundmeteoritten op der Äerd wërft och d'Fro op, ob et ëmgekéiertoch Äerdmeteoritte um Mound gëtt. D'èAerd war tëscht hirer Genesis viru 4,5 Milliarde Joer bis ongeféier viru 3,9 Milliarde Joer engem schwéiere Bombardement duech Asteroiden ausgesat. Méiglecherweis goufen deemools Steng vun der Äerd lassgeschloen an op de Mound transferéiert. Wärend op der Äerd selwer all Gestengs aus dëser Zäit duerch geologesch Prozesser ëmgewandelt gouf, sollt et um Mound iwwerdauert hunn. Et gouf dofir virgeschloen, nei Missiounen op de Mound ze starten, fir do speziell no dësem Urgestengs vun der Äerd ue sichen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moundmeteorit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Warren P. H., Taylor G. J., Keil K. (1983) Regolith breccia Allan Hills A81005: Evidence of lunar origin and petrography of pristine and nonpristine clasts, Geophys. Res. Lett. 10, 779–782.