Moundphasen
Als Moundphasen[1] bezeechent een déi ënnerschiddlech Liichtgestalt vum Äerdmound duerch déi perspektivesch Ännerung vu senger Dag-Nuecht-Grenz relativ zu der Äerd während sengem Ärdëmlaf.
- Et ënnerscheet ee Vollmound, ofhuelende Mound, Neimound an zouhuelende Mound.
- Neimound, Vollmound an déi béid Hallefmounde bezeechent een als Haaptphasen.
- Am schäinbare Widdersproch zu der allgemenger Bezeechnung Hallefmound – dat ass d'Hallefphas (Dichotomie) – bezéie sech d'Astronomen op de volle Zyklus vum Mound an nennen déi zouhuelend Hallefphas éischt Véirel, déi ofhuelend entspriechend lescht Véirel.
- Déi ganz schmuel Moundséchele bezeechnen si als Neiliicht an Alliicht.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Iwwerbléck
Een Ëmlaf vum Äerdmound ronderem d'Äerd, bei deem de Mound nees déi gläich Stellung zu der Sonn anhëllt, dauert duerchschnëttlech ongeféier 29,53 Deeg (29 Deeg, 12 Stonnen a 43 Minutten) a gëtt synodesche Mount genannt. Hien ass domat knapps e Mount grouss. Tatsächlech sinn souwuel de Begrëff wéi och d'Längt vun engem Mount vun der synodescher Ëmlafzäit vum Äerdmound ofgeleet.
Déi tatsächlech Längt vun enger eenzelner Period – vun enger Lunatioun – ass zimlech grousse Schwankungen ënnerworf (kuckt heizou: sideresch Period).
Jee no Stellung vum Mound, der Äerd an der Sonn zoueneen sinn vun der Äerd aus verschidden Phasewénkel vum Äerdmound duerch d'Sonn ze observéieren. Dës veruersaachen déi wiesselnd Gestalten vum Mound um Himmel.
| ... an de Mound aus Siicht vum Norden vun eiser Äerd | |
|---|---|
![]() |
Déi an der Astronomie zäitgeméiss Zielung fänkt mat Neimound (1) un. |
| Legend | ||||
|---|---|---|---|---|
|
A: Äerd |
|||
Die D'Gréissteverhältnesser vun den Objeten op de Grafiken an hir Ofstänn zoueneen entspriechen net der natierlecher.
[änneren] Visualitéit
| Tabell vun den Haaptphasen (Haapttabell: Moundphasen (Tabell), bis 2020) |
||
| Moundphas | Datum | Auerzäit (MEZ) |
|---|---|---|
| Neimond | 25. Februar 2009 | 02:35:09 |
| Éischt Véirel | 4. Mäerz 2009 | 08:45:57 |
| Vollmound | 11. Mäerz 2009 | 03:37:49 |
| Lescht Véirel | 18. Mäerz 2009 | 18:47:23 |
| Neimound | 26. Mäerz 2009 | 17:06:04 |
| Éischt Véirel | 2. Abrëll 2009 | 15:33:52 |
| Vollmound | 9. Abrëll 2009 | 15:55:57 |
| Lescht Véirel | 17. Abrëll 2009 | 14:36:23 |
| Neimound | 25. Abrëll 2009 | 04:22:37 |
De Mound ass eng passiv Liichtquell, dat heescht, hie reflektéiert nëmmen dat Liicht vun der aktiver Liichtquell der Sonn.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Mondphasen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ublécks-Duerstellungen (Phenomenologie):
- (en) CalSky, Mond – Allgemeng Berechnungen zum Stand vum Mound
- (en) ephemeriden.com – Moundstand a -phasen; aktuell a Berechnung
- (de) Die aktuelle Mondphase, www.computus.de – Berechnung vun der Moundphase an der nächster Sonnen- a Mounddäischtert (JavaScript)
- (de) Ewiger Kalender von 1000 n.Chr. bis 4000 n.Chr., www.rodurago.de – Moundkalenner a Moundphasen.
- (de) mondphase.stephan-brumme.com – Virtuell Usiicht vun de Moundphasen.
- (en) malorny.net – Aktuell Moundphas souwéi Berechnung fir een xbeliebegen Datum
- (de) Astronomy & Photography, Thomas Knoblauch – Algorithmus zu der Berechnung vun de Moundphasen
- Termine (Kalendaresch Daten):
- (de) The Munich Astro Archive – Moundphasekalenner 1700–2200, och mat Algorithmus no dem Meeus
- (en) U.S. Naval Observatory – Genee Zäiten vun de Moundphasen, zielen allgemeng als Referenzdate.
[änneren] Referenzen
- ↑ kuckt heizou: Jörg Mildenberger: Anton Trutmanns 'Arzneibuch', Teil II: Wörterbuch, Würzburg 1997 (= Würzburger medizinhistorische Forschungen, 56), Band V, S. 2229


