Moundrill
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Hadley-Rill gouf während der Apollo 15 MIssioun méi genee ënnersicht.
Als Moundrill ginn an der Geologie a Planetologie längelzeg biddenaarteg Déiften um Äerdmound bezeechent. Op der Äerd géif een ähnlech Formatiounen als Grief bezeechnen, mä fir de Mound hat sech d'Bezeechnung Rima (pl.:Rimae) etabléiert[1]. Et gëtt tëschent dräi Aarte vu Rillen ënnerscheet:
- Laanggestreckte Rille sinn duerch geologesch Stéierungen entstanen. Se si meeschtens e puer dausend Meter breet an honnerte vu Kilometer laang. Se si bis zu 400 Meter déif.
- Gedréite Rillen erënneren u Lavastréim oder Flossbetter. Un den Enner vun dësen e puer honnert Kilometer laange Rille fënnt een dacks Lächer déi Kratere gläichen[2] .
- Boufërmeg Rillen. Hiert Entstoe gëtt verstengerte Lavastréim zougeschriwwen. Hei ass d'Fuerschung sech awer nach net sécher.
Déi bekanntst Moundrille sinn:
- d'Hyginus-Rill mat dem klenge Krater Hyginus am Knéckpunkt vun der Rill
- déi veräschtelt Triesnecker-Rill an
- déi breet Ariadaeus-Rill.[3]
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken