Mount John Laurie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
51° 07’ 25’’ N 115° 07’ 00’’ O
De Mount John Laurie ass en 2 240 m héije Bierg an de Rocky Mountains, an der kanadescher Provënz Alberta.
En ass och bekannt ënner den Nimm Mount Laurie, Mount Yamnuska, oder einfach Yamnuska, wat esouvill heescht wéi "Stenge Mauer".
Den John Laurie no deem de Bierg genannt gouf, war ee vun de Grënner vun der Indian Association of Alberta.
Et ginn eng 100 Weeër fir op d'Spëtzt, wat e bei Kloterer beléift mécht.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Mount John Laurie – Biller, Videoen oder Audiodateien |