Mount Stromlo Observatoire

Vu Wikipedia
Dat ausgebrannt Administratiounsgbai
Zerstéierte Kuppelbau no de Buschbränn vun 2003

De Mount Stromlo Observatoire (MSO; Mount Stromlo Observatory) ass ee vun den traditiounsräichsten astronomeschen Observatoirë vun der südlecher Hemisphär. E gëtt vun der Research School of Astronomy and Astrophysics der Australian National University bedriwwen a steet um 770 Meter héije Mount Stromlo, ongeféier 11 km westlech vun der Haaptstad Canberra.

Den Observatoire gouf 1924 ufanks als Commonwealth Solar Observatory (CSO) gegrënnt. Scho vun 1911 u war do e fest installéiert Teleskop. De Kuppelbau iwwer dem Teleskop war dat éischt Gebai dat vun der Regierung am Australian Capital Territory gebaut gouf. Vun 1946 un, hunn do Mataarbechter a Studente vun der Australian National University gefuerscht. 1957 ass den Observatoire an de Besëtz vun där Universitéit iwwergaangen.

Andeems an den 1920er an 1930er Joren d'Sonnephysik am Zentrum vum Interessi stoung, haten nom Zweete Weltkrich d'Observatioun vu Stären a Galaxië Prioritéit. Dofir 1953 e Spigelteleskop mat engem Haaptspigel vun 1,88 Meter Duerchmiesser opgeriicht, dee fir iwwer 20 Joer de gréissten Teleskop op der südlecher Hemisphär war. Well Liichtverschmotzung méi grouss gouf, gouf 1965 de Siding Spring Observatoire als Nieweplaz vum MSO gegrënnt. De Mount Stromlo ass awer Sëtz vun der Research School of Astronomy and Astrophysics bliwwen an d'Teleskope waren och weider a Betrib.

Den 18. Januar 2003 gouf den MSO duerch e Buschfeier staark zerstéiert. Bal all d'Teleskopen, d'Atelieren a Gebaier ware verbrannt. Am Joer 2004 ass mam Neiopbau ugefaange ginn. Vill Gebaier hu missen ofgerappt ginn, awer dat historescht Gebai vum CSO konnt erhale ginn. Um Mount Stromlo sollen zwéi modern Teleskopen opgeriicht ginn, an am neien Advanced Instrumentation and Technology Centre sollen Instrumenter fir Groussteleskopen op der ganzer Welt entwéckelt a gebaut ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]