Mousset-Haus Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Mousset-Haus
D'Mousset-Haus
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Adress 163, rue de Luxembourg
Koordinaten 49° 30’ 00’’ N 05° 59’ 00’’ O
Statut klasséiert (Zousazinventaire)
Datum vum Bau 1905
Proprietär Stad Esch
Molerei um Plaffong vum E. Mousset.

Dat sougenannt Mousset-Haus zu Esch-Uelzecht ass dat Haus, an deem de Moler Eugène Mousset bis zu sengem Doud gelieft huet. Et gouf 1905 gebaut[1] a steet op Nummer 163 an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch-Uelzecht.

Am Haus sinn um Rez-de-chaussée zwou Molereien um Plaffong an ë. a. 18 Biller vum Mousset. Aus deem Grond ass et de 17. September 2001 als Inventaire supplémentaire op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl ginn.[2]

Nodeem et jorelaang eidel stoung a lues a lues delabréiert ass, huet d'Stad Esch, an där hirem Besëtz et ass, 2010 decidéiert, et renovéieren ze loossen an de Service culturel vun der Gemeng dran z'etabléieren.[3] D'Haus ass fir d'Ëffentlechkeet zur Zäit bei besonnesche Geleeënheeten op, wéi d' Nuit de la culture de 4. Mee 2013 an d' Porte Ouverte d'Automne den 29. September 2013.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maison Mousset Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Un avenir pour la villa Mousset." lequotidien.lu, 17/06/2011 09:49:00.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. "Deux toits en plus pour la culture." In: Den Escher Nr. 17 (Juli 2010), S. 10-11.