Mouvement indépendant populaire

Vu Wikipedia

De Mouvement indépendant populaire (MIP) war an den 1960er Joren eng politesch Partei zu Lëtzebuerg. Si hat als Haaptuleies, d'Interesse vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert ze vertrieden.[1]

Hannergrond war en Traité, deen 1959 tëscht Westdäitschland a Lëtzebuerg ënnerschriwwe gi war, an deem Lëtzebuerg Kompensatioune fir Krichsschied zougesprach an d'Handlunge vun de Resistenzler legitiméiert goufen. Fir vill Zwangsrekrutéiert war dësen Traité net acceptabel, well si doran net als Krichsaffer unerkannt goufen. No enger grousser Manifestatioun um Knuedler, a fir hir Onzefriddenheet domat politeschen Ausdrock ze ginn,[2] koum et zu der Grënnung vum MIP.[3]

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 huet de Mouvement populaire indépendant 5.9% vun de Stëmme kritt, wat sech an 2 Sëtz an der Chamber konkreetiséiert huet.[1]. Gewielt goufen d'Privatbeamte Jean Reisdoerfer, deen an der Stad Lëtzebuerg gewunnt huet, an Edmond Chlecq vun Esch-Uelzecht. De Chlecq ass 1968 gestuerwen a gouf an der Chamber duerch de Robert Tix vun Esch-Uelzecht, deen als Rouerschlässer bei der ARBED geschafft huet, ersat.[4]

Virun de virgezunnene Wale vum 15. Dezember 1968 ass de MIP mat der Demokratescher Partei (DP) fusionéiert.[3][5] De Jean Reisdoerfer war géint déi Fusioun, an huet eng eege Partei gegrënnt, d'Partei vun der nationaler Solidaritéit, déi awer just 0.4% vun de Stëmmen a kee Sëtz krut[5],[6], wourop hi se opgeléist gouf.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

1979 ass eng nei Partei, mam Numm Enrôlés de force, entstanen, déi weiderhin d'Unerkennung vun den Zwangsrekrutéiert als Krichsaffer als Haaptrevendicatioun hat, an déi bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979[7] am Bezierk Süden ee Mandat krut. Gewielt gouf de Jos Weirich vun Diddeleng.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Thewes 2006, S. 160
  2. Thewes 2006, S. 155
  3. 3,0 3,1 Kuck: Roemen, R., 1995. Aus Liebe zur Freiheit: 150 Jahre Liberalismus in Luxemburg. Imprimerie Centrale, Luxembourg, S. 386-388.
  4. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 510, 526, 530.
  5. 5,0 5,1 Luxembourg. Inter-Parliamentary Union, 2000.
  6. Kuck: Luxval: Les Élections à la Chambre des Députés (wou awer MIP amplaz Parti de la solidarité nationale steet [1]
  7. Statec, 1997. Annuaire statistique du Luxembourg 1996, S. W.4.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]