Mr. T

Vu Wikipedia
Mr. T
Gebuertsnumm Laurence Tureaud
Gebuer 21. Mee 1952
Chicago
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Catcher, Filmschauspiller, Aktivist, Synchronspriecher

De Mr. T, gebuer den 21. Mee 1952 zu Chicago als Laurence Tureaud, ass en US-amerikanesche Schauspiller, deen haaptsächlech bekannt ass fir seng Roll als B. A. Baracus an der Televisounsserie The A-Team, als Clubber Lang am Rocky III a fir seng Optrëtter als professionelle Wrestler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Lawrence Tureaud gouf an de Robert Taylor Homes, engem Aarmequartier zu Chicago, als zweetjéngst vun zwielef Kanner gebuer.

Als jonke Mann gouf e vu senge Bridder motivéiert, mat Kraafttraining unzefänken. Hie war ee College-Football-Star a gouf dräimol Stadmeeschter am Wrestling. Duerno goung hie an d'Arméi, mä e gouf kuerz drop wéinst engem Sträit mat engem Virgesetzten entlooss.

Duerno huet en als Bodyguard geschafft a vun do un huet e sech Mr. T genannt, als Tribut u säi Papp, dee vun deene Wäissen dacks „Boy“ vernannt gouf, a fir datt een hie mat Mister uschwätze misst. Hien huet prominent Persoune wéi d'Diana Ross, de Steve McQueen, de Muhammad Ali an de Michael Jackson beschützt. Hie krut sou ee gewësse Bekanntheetsgrad, deen him spéiderhin zu enger Filmcarrière verhollef huet. Bekannt ass och säi Reklammssproch op senge Visittekaarten: „Next to God, there is no greater protector than I.“

De Mr. T gouf 1982 vum Sylvester Stallone entdeckt a krut d'Roll vum Clubber Lang am drëtten Deel vun der Rocky-Saga. Seng Bekanntheet verdankt hien awer och senger Roll als Bosco B. A. (Bad attitude) Baracus an der amerikanescher Fernseeserie The A-Team. An der Zeechentrickserie Mr. T (1983) war de Mr. T selwer d'Haaptfigur an ass mat enger Grupp vun Turneren duerch d'USA gereest. De reale Mr. T huet zum Schluss vu jiddwer Folleg déi jonk Zuschauer iwwer Theme wéi de Mëssbrauch vun Drogen, d'Behuelen a Problemsituatiounen oder dat richtegt Ëmweltbehuelen opgekläert. Am Joer 1984 huet de Mr. T sech am Museksgeschäft versicht an huet de Rapsong Treat Your Mother Right opgeholl, deen allerdéngs nëmme wéineg Erfolleg hat.

De Mr. T ass Papp vun dräi Kanner.

De Kontakt zur WWF (haut WWE) huet den Hulk Hogan hiergestallt, deen a Rocky III an a The A-Team eng Gaaschtroll hat. Déi doraus resultéierend Zesummenaarbecht hat am Mäerz 1985 bei Wrestlemania I hiren Héichpunkt, wéi de Mr. T an den Hogan zesummen am Ring stoungen.

An den 1990er Joren ass de Mr. T u Lymphknuetkriibs erkrankt. Seng Heelung huet säi Glawen a Gott gestäerkt. Haut ass en ë. a. als Priedeger aktiv.

Am Joer 2001 kënnt de Mr. T an enger kuerzer Sequenz vum Film Not Another Teen Movie vir. Um Rand vum Footballfeld setzt hie sech, verdeckt vun enger Kapuz, déi déif an d'Gesiicht gezunn ass, nieft dee Spiller, deen iwwer de ganze Film net agesat gëtt, a mécht him Mutt. Ausserdeem erschéngt en am Musikvideo vum Busta Rhymes sengem Song Pass the Courcoisier Part 2. An Australie war de Mr. T Enn 2007 an engem Fernseewerbespot fir Snickers ze gesinn. Dora fiert en an A-Team-Manéier mat engem Panzer op e Foussballfeld a fuerdert ee Spiller, deen um Buedem läit, op, weiderzespillen. (Slogan: Get some nuts!)

Ausserdeem trëtt en an engem Werbespot fir d'Computerspill World of Warcraft op, dee schonn no kuerzer Zäit mat de Wierder, „Vielleicht hat Mr. T das Spiel gehackt und eine Irokesen-Klasse erstellt... Vielleicht ist Mr. T ein Computer-Ass!“, Kultstatus bei de Spiller erreecht huet. No dësem Werbespot koum 2009 een zweeten, an deem en als Beweis fir seng „Hackerfäegkeeten“ iwwer eng Irokesegranat beriicht, mat där een a World of Warcraft de Spiller d'Ausgesi vum Mr. T ka ginn.

Zanter 2008 ass hien an den Dauerreklammespotte vum Versandhändler TrendPro TV ze gesinn, wou e fir ee vun hire Produite Reklamm mécht.

Videospill[änneren | Quelltext änneren]

Et existéiert ee Videospill mam Numm „Mr. T“ fir d'Atari-2600-Konsol, an deem een als Mr. T Gebaier eropklammen a géigneresch Wiese besiege muss. Am Spill World of Warcraft existéiert de Mr. T och.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mr. T – Biller, Videoen oder Audiodateien