Muff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ofzweigmuff bei elektreschem Buedemkabel, déi mat engem Epoxydhaarz ofgedicht gouf
Eng Muff ass e Baudeel dee gebraucht gëtt, fir zwéi Réier oder Kabelen ouni Ënnerbriechung ze verbannen.
Vum Prinzip hier existéieren zwou Zorte Muffen:
- Verbindungs- oder Duerchganksmuffen
- Ofzweigmuffen
An der Telekommunikatiounstechnik gi Verbindungen duerch Spläisse bei Kofferoderen oder bei Glasfasere meeschtens mat enger Muff geséchert an isoléiert.
Bei Kabelverbindunge gëtt jeenodeems ënnerscheet tëscht Haufmuffen, déi mat engem Gel gefëllt sinn, a Rompelmuffen, déi thermesch ofgedicht ginn.
Nodeems joerzéngtelaang bei Waasserleitunge Muffen aus Bläi gebraucht goufen, an et dobäi zu schläichende Gesondheetsschied bei ganze Bevëlkerungsgruppe koum (Bläivergëftung), sinn hautdesdaags praktesch all Muffen aus Plastik.