Mëllerdall Trail

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mullerthal Trail)
Mëllerdall Trail
Panorama op der Route 1
Iwwersiicht vum Pad
vu(n) Iechternach
op Fiels
Längt 189,62 km
Land Lëtzebuerg
féiert duerch Iechternach,
Rouspert-Mompech,
Bech,
Bäerdref,
Konsdref,
Hiefenech,
Waldbëlleg,
Beefort,
Reisduerf,
Ärenzdallgemeng,
Fiels,
Noumer,
Jonglënster,
Steesel,
Nidderaanwen


Mëllerdall Trail, offiziell Mullerthal Trail, ass en zesummegesate Wanderwee an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, deen iwwer 113,47 km dräi Wander-Circuite virgesäit, déi op de Schëlter "Route" genannt ginn. Zousätzlech gëtt et nach véier Extratier vun am Ganze 76,15 km, déi un d'Circuiten ugebonne sinn.

Routen, Etappen an Extratier[änneren | Quelltext änneren]

Circuit Etapp Streck Plang[1] Distanz Total
Route 1 1. Etapp Iechternach - Méischdref Plang 18,40 km 36,45 km
2. Etapp Méischdref - Iechternach 18,05 km
Route 2 1. Etapp Iechternach - Mëllerdall Plang 13,00 km 38,78 km
2. Etapp Mëllerdall - Iechternach 25,78 km
Extratour C Bech - Altréier Plang 9,14 km 9,14 km
Route 3 1. Etapp Mëllerdall - Fiels Plang 20,30 km 38,24 km
2. Etapp Fiels - Mëllerdall 17,94 km
Extratour A Miedernach - Fiels Plang 22,95 km 22,95 km
Extratour B Beefort - Bigelbaach Plang 12,91 km 12,91 km
Extratour D Buerglënster - Blummendall Plang 31,15 km 31,15 km
Total 189,62 km

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Route 1: Iechternach - Méischdref - Iechternach[änneren | Quelltext änneren]

Giischterklaus

D'Route 1 vum Trail ass 36,45 km laang an ass an zwou Etappen opgedeelt: déi éischt geet vun Iechternach laanscht Steenem, Rouspert, Giischterklaus, Giischt, Bur op Méischdref. Déi zweet Etapp féiert da vu Méischdref iwwer Mompech, Hierber, Frombuerg hannescht op Iechternach.


Route 2: Iechternach - Mëllerdall - Iechternach[änneren | Quelltext änneren]

Priedegtstull

D'Route 2 ass 38,78 km laang an ass och an zwou Etappen opgedeelt: déi éischt geet vun Iechternach duerch d'Wollefsschlucht, laanscht de Perekop an d'Huel Lee op Bäerdref an da laanscht d'Raiberhiel, de Priedegtstull an d'Werschrummschlëff bis an de Mëllerdall. Vum Mëllerdall aus geet déi zweet Etapp da laanscht de Schéissendëmpel, Präiteler, Konsdrëffer Millen, Heeschbreg, Wuelper, Scheedgen, Lauterbuer an de Melickshaff zeréck op Iechternach.

Vun Heeschbreg aus leeft den Extratour C iwwer d'Schanz laanscht Zëtteg a Bech bis op de Flouer Schwaarzuecht bei Wuelper, wou en nees op der Route 2 erauskënnt.

Route 3: Mëllerdall - Fiels - Mëllerdall[änneren | Quelltext änneren]

Schéissendëmpel

D'Route 3 vum Trail ass 38,24 km laang an och déi ass an zwou Etappen opgedeelt: déi éischt geet vum Mëllerdall laanscht d'Schwaarz Iernz bis bei d'Grondhaffer Schlass, laanscht d'Halerbaach an d'Haupeschbaach op Beefort. De Pad féiert weider laanscht de Grewenhaff, Firtgeshaff an de Schwanterhaff bis an d'Fiels. Déi zweet Etapp féiert da vun der Fiels laanscht d'Wäiss Iernz, duerch d'Supp, laanscht Reiland an de Blummendall, duerch de Marscherwald a laanscht Präiteler an de Schéissendëmpel hannescht an de Mëllerdall.

Den Extratour A ass e Circuit dee vu Miedernach laanscht Schrondweiler, iwwer Noumer, duerch d'Noumerleeën a laanscht Meesebuerg an d'Fiels leeft. Vu do aus geet en iwwer d'Route 3 bis op den Ausgankspunkt zu Miedernach.

Vu Beefort aus geet den Extratour B duerch d'Beeforterheed, laanscht Déiljen, d'Scheedheck an d'Bigelbaach zeréck op Beefort.

Den Extratour D leeft vu Buerglënster aus iwwer Allënster, Schiltzbierg an de Blummendall, wou en Uschloss un d'Route 3 huet. Vun do aus geet en iwwer Jonglënster, Gonnereng an duerch de Gréngewald hannescht op Buerglënster.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoyer, T., 2010. Luxemburg: Mullerthal Trail. 112 S. Conrad Stein Verlag, an der Série Der Weg ist das Ziel. ISBN 978-3-86686-266-1 (Ze kréien an den Touristebureauën am Mëllerdall, z. B. an der Heringer Millen).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mëllerdall Trail – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. op geoportail.lu