Multiplex-Kino
E Multiplex-Kino ass e Kinoskomplex, deen aus méi Säll besteet, an deen extra dofir gebaut gouf. Et gëtt keng eenheetlech Definitioun, vu wivill Säll un ee vun engem Multiplex schwätzt, gewéinlech sinn et der op d'mannst siwen.
D'Multiplexe sinn entstanen, nodeems d'Konzept vun eenzelne Kinosäll doruechter ëmmer manner abruecht huet: Mat der Verbreedung vun der Televisioun sinn ëmmer manner Leit an de Kino gaangen, sou datt déi grouss Kinotheateren entweder hu missen zoumaachen, oder sech an e puer méi kleng Säll ënnerandeelen, fir rentabel ze bleiwen. Dëst huet awer meeschtens zu onbefriddegende Resultater gefouert, well d'Säll ze kleng waren ("Schungkëschtekino"), schlecht schall-isoléiert oder de fréierE Sall net grouss genuch war.
Multiplexe goufen do dergéint als sollech geplangt; hir Localisatioun, dacks an der Peripherie vu Stied an no bei oder an enger Shopping Mall, leet Wäert op eng gutt Accessibilitéit, an d'Säll sinn technesch a wat de Konfort betrëfft op héijem Niveau. Dacks si Restauratiouns- oder Cafébetriber am Gebaikomplex dran, oder soss Fräizäit-Offeren, wéi Plazen z. B., fir Bowling oder Billard ze spillen.
An Amerika sinn d'Multiplexe mat der Verbreedung vun de Shopping-Mallen an den 1970-1980er Joren opkomm; deen éischte Multiplex an Europa war 1981 de Kinepolis zu Gent mat 10 Säll, an dee gréissten an Europa (eng Zäitchen esouguer op der Welt) war de Kinepolis um Heiselplateau zu Bréissel mat 25 Säll, deen 1988 opgoung.[1] An esou engem Fall schwätzt een och vu Megaplex.
Zu Lëtzebuerg ginn et zwéi Multiplex-Kinoen: Den Utopolis um Kierchbierg (1996 opgaangen, 10 Säll mat zesummen 2.700 Sëtzplazen) an de CineBelval zu Esch-Belval (2008 opgaangen, 7 Säll fir am Ganze 1506 Spectateuren).
Referenzen [änneren]
- ↑ "About Kinepolis " op corporate.kinepolis.com