D'Mumm Sěs

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mumm Séis)
Bild.1. Titelblat vun der 2. Oplo.[1]

D'Mumm Séis oder De Geescht (Original Schreifweis: D'Mumm Sěs oder De Gêscht) ass e Koméidéistéck an engem Akt op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891), deen am August 1855 am Hotel Grand-Chef zu Munneref den Text geschriwwen an d'Musek komponéiert hat. Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositiounen ass d'Wierk den Opus 19.

D'Operett gouf am Joer 1855 uropgefouert an 1856 publizéiert. D'Stéck zielt zu deene bekanntsten Operette vum Dicks, deen och eng däitschsproocheg Versioun vum Stéck ënner dem Titel Mutter Suse geschriwwen huet.[2]

Resümmee vun der Handlung[änneren | Quelltext änneren]

D'Séis, eng Wäschfra, huet eng Niess, d'Kettéi. D'Kettéi ass an de Péiter verléift, mä dem Séis säin Noper, de Sprochmates, geséich d'Kett gär mat sengem eegene Jong bestuet. En aneren Noper, den Hexentommes, huet et um Séis säi Verméigen ofgesinn, a wëllt d'Séis dozou bréngen, sech mat him ze bestueden. Fir dat z'erreechen, wëll en hatt gleewen dunn, de Geescht vun enger fréierer Léift vun hir, de Kanonéier Gottlieb Hurra, géif sech nuets a sengem Haus ronderëmdreiwen. Hie proposéiert dem Séis, dee "Geescht" ze verdreiwen; de Sprochmates soll de "Geescht" spillen. Dësen ass ufanks d'accord, kritt awer dann e schlecht Gewëssen. Hie stellt, als "Geescht", den Tommes a seng Pläng blouss, an zu gudder Lescht kritt och d'Kettéi säi Péiter.

Rollen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Mumm Séis, eng Wäschesch;
  • De Sprochmates;[3]
  • Den Hexentommes;
  • D'Kettéi, der Mumm Séis hir Niess;
  • De Péiter, dem Kettéi säi Freier;
  • D'Noperschaft.

Uropféierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Mumm Séis gouf den 11. November 1855 vun der Gym uropgefouert.[4]

Bekannt Lidder[änneren | Quelltext änneren]

D'Mumm Séis am Film[änneren | Quelltext änneren]

De Film Mumm Sweet Mumm vun AFO-Film erzielt wéi en Amerikaner, fir endlech kënnen dat Stéck ze gesinn, vun deem seng Groussmamm him erzielt hat, dräi Inszenéierunge vun der Mumm Séis zu Lëtzebuerg opféiere léisst.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • La Fontaine, Edmond de, 1856. D'Mumm Se's: oder De Gêscht: Kome’de'stéck an èngem Ackt / Text a Musék fum Dicks. Letzeburéch: V. Bück, 52 p.
  • La Fontaine, Edmond de, 1856. D'Mumm Se's: oder De Gêscht: Kome’de'stéck an èngem Ackt / Tèxt a Musék fum Dicks. Letzeburéch: V. Bück, 12 p.
  • La Fontaine, Edmond de, 1858. D'Mumm Sěs: oder De Gêscht: Koměděstéck an èngem Ackt / Tèxt a Muséck fum Dicks. Zwêt Éditiǒn. Letzeburéch: V. Bück, 42 p.
  • La Fontaine, Edmond de, 1857-1858. Die Luxemburger Sprichwörter und sprichwörtlichen Redensarten. 2 Bände. 1. Theil: Sprichwoerter. 2. Theil: Sprichwoertliche Redensarten. Luxemburg: V. Bück.
  • La Fontaine, Edmond de, 1893-1894. Vollständige Gesamt-Ausgabe der Operetten in Luxemburger Mundart / von Dicks ; Clavierauszug mit vollständigem Text. Luxemburg: Wilh. Stomps, 1893-1894, Leipzig, C.G. Röder. [[Partituren] an 12 Hefter]
  • La Fontaine, Edmond de, 1994. Mumm Séis. Koméidéistéck. Mutter Suse. Lustspiel. Virgestallt vum Alain Atten. Lëtzebuerg: Centre d'études de la littérature luxembourgeoise. Lëtzebuerg, Impr. Centrale. 200 p. Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 4.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. La Fontaine 1858 an der Literatur.
  2. Cf. La Fontaine 1994 an der Literatur.
  3. De Sprochmates huet fir all Situatioun e Spréchwuert parat, dofir säin Numm. Den Dicks huet sech och selwer fir lëtzebuergesch Spréchwierder intresséiert an eng Publikatioun dozou erausginn. Cf. La Fontaine 1857-1858 an der Literatur.
  4. Cf. d'Bild 1, op deem ze liesen ass: "zum e'schtemol opgefe’ert fun der Turnergesèllschaft, zu Letzeburèch, den 11 Nowèmber 1855"
  5. D'Musek vum Jingle an den Numm vun der fréierer Televisiounssendung Hei elei, kuck elei staamt aus der Arie vum Hexemeeschter.