Munneref

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Munneref
An anere
Sproochen:
fr: Mondorf-les-Bains
de: Bad Mondorf
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Réimech
Gemeng: Coat of arms mondorf les bains luxbrg.png Munneref
Buergermeeschter: Maggy Nagel (DP)
Koordinaten: 49° 30' 20" N
06° 16' 33" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Munneref ass eng Uertschaft am Kanton Réimech an Haaptuert vun der Gemeng Munneref.

D'Awunner vu Munneref soen Mondorf oder Munneref.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

Munneref läit un der Gander resp. Albaach, déi d'Grenz mat Frankräich mécht. Op der Südsäit läit d'Dierfche Mondorff.

[änneren] Geschicht

En typescht Jugendstilhaus an der Avenue des Bains

Déi éischt Awunner op der Plaz ware Kelten. D'Réimer sinn ëm -65 an d'Géigend komm an aus dëser Zäit staamt de Kaaschtel, déi d'Réimer op enger keltescher Festung gebaut hunn. De Kaaschtel sollt d'Strooss Metz-Tréier schützen.

D'Franken hunn dunn der Uertschaft hiren Numm ginn. Dem Karel dem Groussen seng Niess "Muomina" huet all hir Gidder der Iechternacher Abtei vermaacht, dorënner war och dat klengt Duerf, dat dunn "Muomendorph" gedeeft gouf. De Karel de Groussen huet d'Hildegarde de Thionville bestuet a war doduerch gezwongen, d'Streck Diddenuewen - Oochen méi dacks ze fueren, sou datt hie Relaise baue gelooss huet, sou och eng Residenz zu Munneref.

Munneref läit op der Grenz tëschent dem germaneschen a romaneschen Deel vun Europa an huet doduerch ëmmer ënnert Kricher gelidden, d'Duerf gouf dacks geplënnert an ofgebrannt.

De Versailler Vertrag vun 1769 zitt déi haiteg Grenz tëschent Lëtzebuerg a Frankräich an deelt domat d'Duerf Mondorff an zwéin Deeler.

D'hollännesch Herrschaft am 19. Joerhonnert huet d'Schicksal vum fréiere Baueren- a Wënzerduierf nohalteg geännert. Wéinst dem hollännesche Monopol an den extrem héije Präisser vum Salz gouf am ganze Land dichteg no eegene Salzlageren gesicht.

De Munnerefer Notaire Ledure, deen heefeg op Oochen a Kur gung, huet fonnt datt d'Waasser vun enger Munnerefer Baach dem Oochener Thermal(-salz-)waasser am Gout geglach huet. No erfollegräicher Buerung gouf eng Thermalquell fonnt, sou datt der Grënnung vun engem Thermalbad näischt méi am Wee stoung. D'Hotellerie ass zu Munneref zum Wirtschaftsfaktor Nummer 1 avancéiert.

1872 gëtt am Lëtzebuergesche Mondorff deen éischte Postbureau opgemaach. Wëll deemools e Stempel geliwwert gouf deen e Feeler am Numm opweises hat, Mondorf mat nëmmen engem "f", ass dës Orthografie du beibehale ginn.

Duerch d'Gesetz vum 28. August 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains ze nennen.

1886 keeft de Staat d'Thermalbad op, wëll d'Bedreiwergesellschaft a Schwieregkeete war. Dëst war den ufank vum gëllenen Zäitalter vu Munneref. Zu där Zäit sinn eng Partie nei Hoteler a Privathäiser am Jugendstil ("Ecole de Nancy") gebaut ginn.

[änneren] Markant Datumer

  • 1882: Munneref kritt en Uschloss un d'Eisebunnsnetz, iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Réimech
  • 1886: De Staat iwwerhëlt d'Thermalbad.
  • 1905: Duerch den Uschloss vu Munneref un d'franséischt Eisebunnsnetz via d'Streck Diddenuewen-Munneref gouf d'Munnereffer Gare eng international Gare.
  • Den 20. September 1949 war de Welttourismuskongress zu Munneref (Congrès mondial du tourisme).

[änneren] Wichteg Munnerefer Leit

  • Den Notaire Jacques-Gustave Lessel[1], deen den 4. November 1879 zum Chamberpresident [1] gewielt gouf.
  • Frantz Clément, Journalist a Schrëftsteller (gebuer den 3. November 1882 zu Munneref, ëmbruecht am KZ Dachau den 2. Juni 1942). Hie war Korrespondent vun der FAZ zu Paräis. Eng Haaptstroos, d'Avenue François Clement, ass zu Munneref no him benannt.
  • Arthur Didderich, Historiker, huet eng Rei Publikatiounen iwwert d'Geschicht vu Lëtzebuerg a vu Munneref erausginn (gestuerwen den 4. Mee 1950 zu Paräis)
  • D'Sportler Frank Schleck an Andy Schleck.
  • De Kraaftmënsch John Grün.

[änneren] Kuckeswäertes

[änneren] Literatur

  • Bosseler, Fernand, 1979. Bad Mondorf durch die Geschichte. Heimat und Mission Jg. 53 (1979) n° 1/2: 21-22. Clairefontaine (B).
  • Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.
  • Tanson, Lé, 1981. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Bad Mondorf. Éd.: Administration communale de Mondorf-les-Bains. 414 p.

[änneren] Illustratiounen

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. Arrêté royal grand-ducal du 27 octobre 1851 portant nomination du sieur J.-G. Lessel aux fonctions de notaire dans le canton de Remich, à la résidence de Mondorf. Den Pdf vum Arrêté am Legilux
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht