Mur de Grammont

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
2006, am Tour des Flandres fir Dammen

Mur de Grammont ass den Numm vun engem géie Stouss a Flandern deen haapsächlech bekannt ass well en um Programm vum Tour des Flandres steet.

Dës Mauer läit bei Grammont. De Fouss vun der Kopp déi en Héichtenënnerscheed vun 92 Meter bei enger Längt vun 1000 Meter huet, ass un den Uwänner vun der Dender a geet den Oudenberg erop.

Déi ganz Géigend ëm den Oudenberg ass 1940 klasséiert ginn an 1995 ass déi bekannte Paweestrooss als Monument klasséiert ginn.

D'Strooss ass tëschent 2003 an 2004 komplett rafistoléiert ginn, a si ass den 28. Mäerz 2004 a Presenz vum flämesche Minister vun den Affaires intérieures dem Paul van Grembergen nees opgemaach ginn. De Premier Guy Verhofstadt an de President vun der federaler Chambre des Députés den Hermann de Croo waren och bei der Aweiung derbäi. Déi ganz Renovatioun huet 256.494 Euro kascht.

De Mur de Grammont ass e Monument vum flämesche Vëlossport. Fir d'éischt um Programm vun enger Course stoung en 1950 bei Gent-Gent. Zënterhier stoung en um Progamm vun ongeféier 70 Courssen.

Den héije Schwieregkeetsgrad vun dëser Kopp kënnt haaptsächlech dohier well Paweeër horizontal leien an doduerch wéi kleng Träpleke sinn.

  • Héicht = 110 m
  • Lag = Ardennes flamandes
  • Ufank ënnen = Grammont
  • Héichtenënnerscheed = 92 m
  • Längt = 1 km
  • Steigung (moyenne) = 9,2 %
  • Steigung (maximal) = 20 %

[änneren] Kuckt och

Commons: Mur de Grammont – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen