Muri & Mario

Vu Wikipedia

Muri & Mario ass en dänesch-italieenesche Gesangsduo, deen am Summer 2012 mat dem Lidd "Hun tog min guitar" en Nummer-1-Hit an Dänemark hat.

Muri & Mario besteet aus den Däne Murad Mahmoud an dem Mario Sciacca, déi arabesch respektiv sizilianesch Originen hunn. Si sangen op Dänesch an op Italieenesch[1],[2]

Am Juli 2012 huet hiert Lidd "Hun tog min guitar" (Hatt huet meng Gittar geholl) et bis op déi éischt Plaz an den dänesche Singlecharts gepackt a konnt sech zwou Woche laang do halen.[3]
Fir de Video huet den Duo op Facebook dozou opgeruff, eng eegen Interpretatioun vum Lidd ze machen. 120 Leit hunn dat gemaach an aus deenen ass dunn den offizielle Museksclip zesumme geschnidde ginn.[4]

Am Januar 2013 ass d'Lidd Mambo op Plaz 13 an den dänesche Singlecharts ageklommen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Kærlighed & kildevand

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Mio amore
  • 2011: Tusind stykker
  • 2011: Cosa del amor
  • 2012: Hun tog min guitar (#1 an Dänemark)
  • 2013: Mambo (#13 an Dänemark)
  • 2013: Amigo
  • 2013: Venner eller fjender
  • 2016: To stjerner
  • 2016: Storbypige
  • 2016: Barndommens stemme
  • 2019: Daddy

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun op skala.fm (gekuckt den 1. August 2012)
  2. dr.dk: "Ekskæresten snuppede guitaren - men gav dem en landeplage" (4. Juli 2012; gekuckt de 15. August 2012)
  3. "Hun tog min guitar" op danishcharts.com
  4. mortengade.dk: "Muri & Mario – Hun tog min guitar" (6. Juli 2012; gekuckt de 15. AUgust 2012)