Musée de la vie paysanne

Vu Wikipedia

De Musée de la vie paysanne zu Montquintin bei Dampicourt an der Gemeng Rouvroy, Provënz Lëtzebuerg, ass e Musée iwwer d'Liewen an d'Aarbecht an de Bauerbetriber vu fréier.

De Musée ass an engem ale Bauerenhaff aus dem Joer 1765. Den Haff gouf vum Johannes Nicolaus von Hontheim, e vun de leschten Häre vun Dampicourt, deen als évêque contestataire an der Literatur ënner dem Numm Justinus Febronius bekannt ass, gebaut.

Den Haff selwer ass en Zeie vun der traditioneller Architektur, d'Baussemauere si gewäisst an en ass mat Kanalzille gedeckt.

D' Raim am Haus sinn d'Kichen, mat engem Kamäin an ale Miwwelen, déi sougenannt Gutt Stuff, déi pèle genannt gouf, mat engem Wandschaf an engem Schafbett.

An engem Sall ass eng Ausstellung vu Fotoen, vun ëmt 1900, an Hauwen aus dem 18. an 19. Joerhonnert.

An der Scheier de Ställ, an um Heeknapp ass landwirtschaftlecht Handwierksgeschier ausgestallt.