Musée des transports en commun (Léck)

Vu Wikipedia
Musée des transports en commun
Land Belsch
Gemeng Léck
Plaz Belsch
Koordinaten 50°37'44,51"N, 5°34'58,37"O
Fläch 3.500 Quadratmeter
Datum vum Bau 25. Abrëll 1985
Opgaangen 25. Abrëll 1985

De Musée des Transport en commun vum Pays de Liège ass e belsche Musée am Quartier Vennes-Fétinne zu Léck. En ass op N° 9 an der rue Richard Heintz am fréieren Depot vun der S.T.I.L. och nach Natalis genannt.

Am Laf vun der Zäit hate verschidde Gesellschafte vun Amateure vun alen Trammen, Autobussen an Trolleybussen, déi Vehikelen, sou séier wéi se desaffektéiert goufen, gesammelt. Bis 1985 stounge s'awer op ville verschiddene Plazen.

Du koum d'Iddi op fir all déi Transportmëttelen op enger Plaz zesummen ze hunn, an de fréieren Tramsschapp vu Léck war ideal dofir.

De Musée deen dunn de 25. Abrëll 1985 opgoung, huet haut eng Fläch vun 3.500 m2, an et kann ee Gefierer aus der Period vun 1875 bis 1963 do gesinn. Dozou gehéieren Autobussen, Trolleyen, Déngschtgefierer, an Tramskutschen déi vu Päerd gezu goufen.

Se sinn all gutt restauréiert, an an den Originalfaarwe vun de Gesellschafte fir déi se gelaf sinn ugestrach.

Am Musée ginn och all Joer Manifestatiounen am Zesummenhank mat dem ëffentlechen Transport ofgehalen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]