Musée national Picasso (Paräis)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Musée Picasso zu Paräis

De Musée national Picasso zu Paräis gehéiert zu de bedeitendste Muséeë vu Paräis.

Am Musée sinn circa 250 Wierker vum Kënschtler Pablo Picasso aus alle Periode vu sengem Liewen, virun allem Biller a Skulpturen, ausgestallt. Zu de Muséesbestänn gehéiert och dei fréier privat Konschtsammlung vum Picasso mat Biller vun ënner anerem dem Georges Braque, dem Paul Cézanne, dem Henri Matisse, dem Joan Miró an dem Amedeo Modigliani.

De Musée ass am Palais Hôtel Salé. Dëse Palais gouf an de Joren 1656-1659 fir de Pierre Aubert gebaut, deen d'Salzsteier agezunn huet. Vun do kënnt och den Numm Salé ("salzeg").

Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.
Commons: Musée Picasso, Paris – Biller, Videoen oder Audiodateien