Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht

Vu Wikipedia
Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht
Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art
MNAHA
Land Lëtzebuerg
Secteur Kultur
Leedung Michel Polfer
Adress Fëschmaart, L-2345 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Ministère de la Culture
Gegrënnt 1869
Um Spaweck https://www.mnaha.lu/fr/

Den Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht, offiziell Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA), ass ee vun de Kulturinstituter vum Lëtzebuerger Staat dee verschidde Muséeën ënnert senger Tutelle huet.

D'Originne vum Institut ginn op 1946 zeréck, wéi deen ënnert dem Numm « Musées de l'État » gegrënnt gouf. E krut säin aktuellen Numm a seng Kompetenze mam Gesetz vum 16. Dezember 2022, virdrun housch e Musée national d'histoire et d'art[1].

Zoustännegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Den MNAHA ass zoustänneg fir dräi kulturell Sitten an zwéi Fuerschungsinstituter:


 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
Nationalmusée fir Archeologie,
Geschicht a Konscht
(MNAHA)
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
Nationalmusée
um Fëschmaart
 
Musée
Dräi Eechelen
 
Réimesch Villa
Iechternach
 
Dokumentatiounszenter
iwwer d'Festung Lëtzebuerg
 
Lëtzebuerger
Konschtarchiv

Ausserdeem bitt den MNAHA digital Plattformen un, wéi déi mat Informatiounen a Biller zu de Sammlunge vum Musée um Fëschmaart, oder d'Plattform Schools mat pedagogesche Programmer fir Schoulklassen.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Dem MNAHA seng Aufgabe begräifen ë. a.:

  1. d'Naturierwen ze studéieren an ze dokumentéieren an dozou bäizedroe fir d'Bio- an d'Geodiversitéit z'erhalen;
  2. d'national Sammlunge vum Naturierwen an d'national Datebank fir wëssenschaftlech Donnéeën iwwer d'Biodiversitéit ze geréieren, ze versuergen, z'erhalen a weider z'entwéckelen a se fir d'Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen;
  3. paleontologesch, mineralogesch a geologesch Ausgruewungen opzelëschten, z'ënnersichen an auszeféieren, grad wéi ëffentlech oder privat Ausgruewungen an Zesummenaarbecht mam Nationale Fuerschungsinstitut fir Archeologie z'iwwerwaachen;
  4. Fuerschungs- a wëssenschaftlech Publikatiounen z'initiéieren, auszeféieren an z'ënnerstëtzen a mat de betraffenen ëffentlechen oder private Persounen zesummenzeschaffen;
  5. d'Wëssenschaftskultur ze fërderen an d'Ëffentlechkeet fir d'Wëssen an d'Erhale vum nationalen an internationale Patrimoine ze sensibiliséieren, ë. a. mam Betrib vun engem Musée a mat Ausstellungen, Publikatiounen, Formatiounen, Konferenzen, Colloquen a pedagogeschen Aktivitéiten iwwer naturwëssenschaftlech Themen;
  6. mat regionalen a lokale Muséeën zesummenzeschaffen;
  7. wëssenschaftlech, pedagogesch an technesch Dependancen ze geréieren.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den MNAHA huet säi Sëtz op Nummer 1 um Fëschmaart an der Stad Lëtzebuerg. Am fréiere Gebai Collart-de-Scherf, dat 1939 an duerno nom Kulturjoer 1995 ëm- a bäigebaut gouf, ass och den Nationalmusée um Fëschmaart dran.

D'Personal vun den eenzele Sitten ënnersteet dem Institut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ursprong vum haitegen Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht (MNAHA) a senge Sammlunge geet op d'Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg (méi spéit: Société archéologique) zeréck. D'Membere vun der Gesellschaft hunn 1845 ugefaange Mënzesammlungen an archeologesche Kollektiounen zesummenzestellen. Duerch Akeef, Ierfschaften a Fonntsécker goufen d'Sammlunge séier méi grouss a méi spéit koumen och nach historesch Objeten, Dokumenter a Konschtwierker derbäi.

Wéi 1868 den Institut grand-ducal gegrënnt gouf, ass d'Société archéologique en Deel (Section historique) dovu ginn a gouf esou staatlech unerkannt. D'Sektioun huet sech beméit d'Regierung dovun z'iwwerzeegen, datt hir Sammlungen engem neie Musée zur Verfügung gestallt sollte ginn, hat awer kee Succès domat. Eréischt 1922 huet de Staat d'Haus Collart-De Scherff um Fëschmaart kaaft fir et an e Musée ëmzebauen. Wéi dunn 1927 mat de Bauaarbechten ugefaange gouf, huet d'Section historique dem Staat hir Sammlungen uvertraut; se bilden haut d'Basis vum Musée senge Kollektiounen. Zur selwechter Zäit huet de Staat ugefaange Wierker vu lëtzebuergesche Kënschtler fir den zukünftege Musée ze kafen. Wéinst Finanzéierungsproblemer koum et beim Ëmbau vum Haus Collart-De Scherff zu Retarden an de Musée ass eréischt 1939, fir d'Feierlechkeete vun der Onofhängegkeet fäerdeg ginn.

Den Zweete Weltkrich ass ausgebrach, nach ier de Musée ageweit konnt ginn an d'Sammlungen déi grad eréischt zesummegestallt gi waren, hu missen a Sécherheet bruecht ginn. Op der anerer Säit konnten awer tëscht 1941 an 1944 mat de Suen déi vum Nazi-Besatzer zur Verfügung gestallt goufen, eng ganz Rëtsch Konschtobjeten  ugeschaaft ginn.

Déi meescht Sammlunge koumen nom Enn vum Krich ouni Schied an de Musée zeréck, deen 1946 – ënner dem Numm « Musées de l'État » – seng Diere fir de Public opgemaach huet. E bestoung aus zwou Sektiounen: eng fir Geschicht a Konscht an eng fir Naturgeschicht. All Joer goufen Ausstellunge fir zäitgenëssesch Konscht organiséiert a vun 1958 un huet eng Akafskommissioun sech reegelméisseg drëm gekëmmert, de Fundus vum Musée mat Wierker vun internationalen zäitgenëssesche Kënschtler auszestafféieren.

1966 sinn enger Grupp vun Amateuren an engem Bësch tëscht Giewel an Nouspelt onnatierlech Erhiewungen am Buedem opgefall an et gouf ugefaangen, déi Hiwwelen auszegruewen. Dobäi goufe véier aussergewéinlech Griewer entdeckt, déi deels vum Enn vun der zweeter Eisenzäit an deels vum Ufank vun der gallo-réimescher Zäit stamen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Keltesch Adelsgriewer vu Giewel-Nouspelt.

D'Resonanz op dës spektakulär Entdeckung an der Welt vun der europäescher Archeologiefuerschung huet mat sech bruecht, datt d'Autoritéite sech bewosst gi sinn, wéi wichteg et wier, datt d'Archeologie zu Lëtzebuerg méi professionell misst organiséiert ginn. Sou gouf 1972 déi éischt archeologesch Plaz bannent dem Staatsmusée geschaf an zanterhier kommen duerch Ausgruewungen ëmmer nees nei Objeten an d'archeologesch Sammlungen derbäi. Bis 2022 war de Centre national de recherche archéologique (CNRA), deen dem haitegen MNAHA ënnerstallt war, fir dat ganzt nationaalt archeologescht Ierwe verantwortlech. Mam Gesetz vum 25. Februar 2022 gouf aus dem CNRA den Institut national de recherches archéologiques (INRA) an ënnersteet elo direkt dem Kulturministère. D'archeologesch Sammlungen aus dem Nationalmusée um Fëschmaart falen awer weiderhin an d'Zoustännegkeet vum Kulturinstitut (MNAHA).

Absënns aus Plazmanktem a fir datt déi eenzel Departementer vum Musée sech besser entwéckele kéinten, goufen d'Staatsmuséeën 1988 engersäits an den „Nationalmusée fir Geschicht a Konscht“ (Musée national d'histoire et d'art, MNHA) an anersäits an den „Nationalmusée fir Naturgeschicht“ (och nach „Naturmusée“, Musée national d'histoire naturelle, MNHN) opgespléckt. Béid Sammlunge sinn awer um Fëschmaart bliwwen, bis den Naturmusée 1996 an de renovéierten an ëmgebauten Hospice Saint-Jean am Gronn koum.

Mam neie Gesetz vum 16. Dezember 2022 ass aus dem Kulturinstitut (Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art, MNHA) den „Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht“ (MNAHA) ginn. D'Ausstellungsraim um Fëschmaart sinn zanterhier den „Nationalmusée um Fëschmaart“.

De Musée an der Zäit vun der däitscher Besatzung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. data.legilux.public.lu (16.12.2022). Gekuckt de(n) 20.12.2022.