Musée national des mines
De Musée national des mines ass an der fréierer Minière Walert zu Rëmeleng ageriicht ginn.
De Musée gëtt vun enger A.s.b.l. gefouert, déi sech mat der Rëmelenger Gemeng zesummegedoen huet, déi Propriétaire vum Site ass, a mam Ministère des classes moyennes, deen de Projet zënter e puer Joren aktiv ënnerstëtzt.
No Vergréisserungsaarbechten, déi vun der Gemeng Rëmeleng, vum Staat a vun der Europäescher Unioun (FEDER) finanzéiert goufen, goufen 2002 zwéin nei Zich ageweit, déi dee viregen ersetzen an noutwenneg si fir den Transport vun de Visiteuren. D'Diesel-Kompresser-Lokomotiven droen d'Nimm vun der Prinzessin Alexandra a vum Prënz Sébastien.
D'Sammlung vum Musée national des mines ëmfaasst Handwierksgeschir, Maschinnen, Apparater an Archivdokumenter, déi am Zesummenhank sti mat der Exploitatioun vun der Minette vu Mëtt 19. Joerhonnert bis an d'80er vum 20. Joerhonnert.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Literatur
- Marcel Klein, Nationale Minnemuséium zou Rëmëléng, Rëmeleng 1985
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Musée national des mines – Biller, Videoen oder Audiodateien |