Musca (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Musca
Lëtzebuergeschen Numm Méck
Däitschen Numm Fliege
Laténgeschen Numm Musca
Laténgesche Genitiv Muscae
Laténgesch Ofkierzung Mus
Rektaszensioun 11h 19m bis 13h 51m
Deklinatioun -75° 41' bis -64° 38'
Fläch 138 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 10° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stärenzuel mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Mus,
2,69m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerrzäresënn)
Crux
Carina
Chamaeleon
Apus
Circinus
Centaurus
Kaarte vum Stärebild Musca

D'Méck, laténgesch Musca ass e Stärebild um Südhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Méck (Musca) ass e klengt, awer däitlech erkennbart Stärebild, südlech vum Stärebild Crux. D'Musca huet een helle Stär vun der 2. Gréissteklass.

Duerch d'Stärebild zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss. Opfälleg ass eng ausgedehnt Donkelwollék, genannt, de Kuelesak. De südlechen Deel geet bis an d'Stärebild vun der Musca. Dës Himmelsregioun vun der Méck bitt e schéinen Ubléck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Musca gehéiert zu den 12 neie Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vum hollänneschen Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser an dem Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet se 1603 als Bei (Apis) a säin Himmelsatlas Uranometria agedroen.

1752 nennt si den Nicolas Louis de Lacaille La Mouche, op Latäin: Musca. Spéider gëtt si och nach Musca Australis genannt. Op ale Stärekaarte schnellt d'Zong vum Chamaeleon (Nopeschstärebild) a Richtung vun der Méck.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 2,69m 306 B2 IV-V
β 3,04m 311 B2 V
δ 3,61m 91 K2 III
λ 3,63m 128 A7 III
γ 3,84m 324 B5 V
ε 4,0 bis 4,3m 302 M5 III
μ 4,75m 432 K4 III
η 4,79m 406 B8 V
HR 5002 4,86m 1186 K2 Ib-II
HR 4549 4,89m 338 B4 V
HR 4538 4,98m 1456 G5 Ib
GT 5,01m 561 G2 III + A
ι 5,04m 225 K0 III
HR 4401 5,09m 475 B5
ζ2 5,15m
HR 4617 5,17m 438 K2 II
HR 4604 5,34m 339 A0 V
θ 5,44m WC6 + O9

De Stär δ Muscae ass 91 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange an huet d'Spektralklass K2 III.

Bei θ Muscae handelt et sech ëm deen zweethellste bekannten Wolf-Rayet-Stär.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α
β 3,7 /4,0m 1,3"

Den α Muscae ass ee bloen Iwwerris op enger Distanz vun 306 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet déi 20.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Op engem Ofstand vun 2600 AU ass ee liichtschwaache Begleetstär, deen hien an 45.000 Joer ëmkreest.

Den β Muscae ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 311 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen B2 a B3.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
α 2,69m 2,2 Stonnen Cepheid
ε 4,0 bis 4,3m 40 Deeg Hallefregelméisseg Verännerlechen

Den Haaptstär vum System, den α Muscae pulséiert liicht, seng Hellegkeet verännert sech iwwer en Zäitraum vun 2,2 Stonnen ëm ronn 1 % . Hie gehéiert zu de verännerleche Stäre vum Typ Cepheiden.

De Stär ε Muscae ass 302 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en hallefregelméisseg verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet an engem Zäitraum vu ronn 40 Deeg schwankt. Et handelt sech hei ëm ee roude Ris mat der Spektralklass M5 III.

Niwweleg Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers Gréisst Typ Numm
Donkelwollek Kuelesak
4372 7,8m Kugelstärekoup
4463 7,2m Oppene Stärekoup
4815 8,6m Oppene Stärekoup
4833 7,4m Kugelstärekoup
5189 9,7m Planetareschen Niwwel

De Kuelesak ass eng ausgedehnt Donkelwollék op enger Distanz vu 600 Liichtjoer.

Den NGC 4833 ass e Kugelstärekoup deen 18.000 Liichtjoer vun eis ewech ass.

De Planetareschen Niwwel NGC 5189 ass de Gasmantel vun engem Stär, deen 2.600 Liichtjoer ewech ass. Den Niwwel huet eng ongewéinlech längelzeg Form.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Musca – Biller, Videoen oder Audiodateien