Mustafa I.

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mustafa I.
159220. Januar 1639
Mustafa 1.jpg
Sultan vum Osmanesche Räich
Amtszäit 1616-1618 a 1622-1623
Virgänger Ahmed I. (1616), Osman II. (1622)
Nofolger Osman II. (1618), Murad IV. (1623)
Papp Mehmed III.
Mamm Adi Bilinmiyor


De Mustafa I. (Arabesch: مصطفى الأول) war Sultan vum Osmanesche Räich vu 1617 bis 1618 a vu 1622 bis 1623. E war de Brudder vum Ahmed I..

De Mustafa war geeschteg zréckbliwwen oder wéinstens neurotesch a war eigentlech de Spillball vun de Cliquen am Topkapi-Palais zu Istanbul. Während der Herrschaft vu sengem Brudder war e véierzéng Joer laang an engem Zëmmer am Palais agespaart. Dëst, well den Ahmed d'Gesetz vum Bruddermord, dat virschreift datt am Ament vun der Intronisatioun d'Bridder vum zukünftegen Herrscher mussen ëmbruecht ginn, gebrach huet, a seng Bridder einfach am Palais agespaart huet.

1618 ass en ofgesat ginn an an senger Plaz ass säin Neuveu, den Osman II., Sultan ginn. Nodeems dee 1622 ermuert gouf, ass de Mustafa nach eng Kéier fir ee Joer Sultan ginn, gouf awer 1623 nees ofgesat a dem Osman II. säi Brudder Murad IV. gëtt Sultan. Enger anerer Versioun no wier de Mustafa 1623 gestuerwen. De Mustafa gouf an der Hagia Sofia bäigesat.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Mustafa I – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen