Muttergottesoktav

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Muttergottesoktav zu Lëtzebuerg, och nach einfach Oktav (vun "octo" = aacht, an der kathoulescher Liturgie eng Zelebratioun vun aacht Deeg) genannt, ass an der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg eng Period vun zwou Wochen, an där d'Maria als Tréischterin am Leed besonnesch veréiert gëtt.

1679 gouf decidéiert d'Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s'eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier huet se als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.

Hautdesdaags fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet de fënnefte Sonnden no Ouschtere mat enger feierlecher Schlussprëssessioun hiren Ofschloss. All Paren aus dem Land, vill Schoulen an och Gruppen iwwer d'Grenzen eraus pilgeren an där Zäit an d'Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg, fir bei der Muttergottes ze bieden.

Wichteg Daten an der Geschicht vun der Oktav[änneren | Quelltext änneren]

Dat politescht, gesellschaftlecht a reliéist Ëmfeld beim Ufank vun der Muttergottesoktav waren engersäits den Drëssegjärege Krich (1618-1648) an d'Peschtjoren (1626-1636): zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung stierwen un der Pescht. Krich an Hongersnout bestëmmen déi Krisenzäit.

Anerersäits hat déi jesuitesch Missioun e kloert Zil: duerch eng attraktiv Volleksfrëmmegkeet soll am Geescht vun der Géigereformatioun vum Konzil vun Trient (1545-1563) de kathoulesche Glawe gestäerkt ginn, fir ze verhënneren, datt de Protestantismus sech verbreet.

  • 10. Mee 1666: Erwielung vu Maria, der Mamm vu Jesus, der Tréischterin am Leed zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg.
  • 20. Februar 1678: Erwielung vun der Tréischterin zur Patréinesch vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny.
  • 1766: Éischten Zentenarium. De gossene Votivaltor aus der Konschttschmëtt vun der Abtei Orval ass e Geschenk vum Vollek u seng Patréinesch.
  • 1778: D'Jesuitekierch gëtt Parkierch, nodeem de Jesuitenuerde vum Poopst Clément XIV. am Joer 1773 opgehuewe gouf an déi al Parkierch Sant'Niklos baufälleg gi war.
  • 1796: Zerstéierung vun der Pilgerkapell um Glacis duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun. Zanterhier steet d'Statu an der Kathedral.
  • 1866: Fir déi 2. Joerhonnertfeier gëtt d'Gnodebild am Optrag vum Poopst Pius IX. feierlech gekréint.
  • 1870: Lëtzebuerg gëtt e Bistum an déi fréier Jesuitekierch gëtt d'Bëschofskierch (Kathedral).
  • 1921: De Bëschof Pierre Nommesch entscheet, den 250. Joresdag vun der Erwielung vun der Patréinesch an enger feierlecher Friddens- a Jubiläumsoktav nozehuelen, well d'Feierlechkeeten 1916 duerch den Éischte Weltkrich ausgefall sinn an de Bëschof Jean Joseph Koppes schonn doutkrank war. Och verduebelt hien d'Zäit vun der Oktav, well eng Woch, sou wéi den Numm Oktav et seet, net méi duer geet fir all Paren a Verbänn an deem Zäitraum ënnerzekréien.
  • 1978: Fir déi 3. Joerhonnertfeier vun der Erwielung vun der Tréischterin zur Patréinesch vum Land gëtt d'Fondation du Tricentenaire gegrënnt.

Erwielungsakt vu Maria als Patréinesch vum Land[änneren | Quelltext änneren]

Den Text vum Erwielungsakt vu Maria zur Patréinesch vum Land vum 20. Februar 1678 seet dëst:

Sainte Marie mere de JESUS Consolatrice des affliges, nous les trois Estats du Pays Dûche de Luxembourg et Comte de Chiny avec tous les habitans du Pays Vous choisisons aujourdhuy e mes nom et celuy de nos successeurs pour dame et patrone perpetuele de toute la Province, et professons fermement de vous honorer toujours pour tele. Cepourquoy nous vous supplions tres humblement de nous recevoir en vostre protection et de nous assister au temps de guerre, peste et famine et en toutes nos necessites et duersites. Amen

Ënnerschriwwe gouf den Text an der Jesuitekierch vun den dräi Stänn (Klerus, Adel a Bierger vun de Stied) wéi och vun de Magistrate vun de 15 Stied an den dräi „Franchises“ vum Herzogtum Lëtzebuerg.

Sou huet d'Muttergottesoktav och e nationale Charakter kritt. Am Zweete Weltkrich krut si och eng patriotesch Bedeitung a gehéiert bis haut zur reliéiser Identitéit vu Lëtzebuerg.

D'Muttergottesoktav an d'Musek[änneren | Quelltext änneren]

D'Oktav ass fir all Kierchechouer eng besonnesch Geleeënheet, fir hiert Kënnen an engem grousse sakrale Raum, der Kathedral, virun engem breede Publikum virzedroen. Sou ass et och verständlech, datt am Laf vun de Jore vill Museker Muttergotteslidder oder Uergelkompositioune komponéiert hunn.

D'Muttergottesoktav haut[änneren | Quelltext änneren]

E bedeitungsvollen Ufank vun der Oktav mécht de Pélé des Jeunes, deen op eng Initiative vum Théophile Walin am Joer 1974 zréck geet, mam Zil fir de Jugendlechen an der Muttergottesoktav e gréissere Stellewäert ze ginn. Zanterhier gi sech all Joer déi Jugendlech aus dem ganze Land Rendez-vous virum Bild vun der Tréischterin moies fréi um 1. Oktavsonnden.

Den aktuelle Programm vun der Oktav gesäit all Dag eng 12 verschidde Masse fir déi verschidde Paren, Schoulen oder soss Institutiounen, Vesper mat der Oktavpriedegt oder Rousekranzgebied vir.

Duerstellunge rondrëm d'Oktav[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Et la même année, le jour de la Conception, les écoliers du Collège y portèrent en procession une Image de N. D. qui fut attachée à la croix et qui devint l'objet de la dévotion des peuples.",
    (Histoire de N. D. de Luxembourg. . . dans la chapelle des PP. de la Compagnie de Jésus. Nouvelle édition. Corrigée par un Père de la même Compagnie. Luxembourg 1769, p. 10.)
    Zitéiert no Michel Faltz, 1948, S. 5

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Faltz, Heimstätte U. L. Frau von Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, Luxemburg, 1948, 3. Aufl.
  • Michel Schmitt, Georges Hellinghausen, Christentum und Kirche in Luxemburg, Bd. 2 Kirche im Werden und Wachsen eines Volkes, Editions du Signe, Strasbourg, 1990, ISBN 2-87718-034-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]