Mutz

Vu Wikipedia
Eng Mutz mat engem Pompon.

Eng Mutz ass déi eelste bekannte Form vu Kappbedeckungen. Si huet méi oder manner d'Form vum Kapp, dee se méi oder manner bedeckt. Am Géigesaz zu Hitt oder Kapen hu Mutze kee Stuerz vir oder ronderëm, a si gewéinlech aus mëllem, flexibelem Material, dat sech der Kappform upasst.

Hautesdaags si Mutze gewéinlech gestréckt a gi virun allem am Wanter gedroen, fir géint d'Keelt ze schützen.

Wa s'eng längelzeg Form hunn, déi no uewen hi mat engem Wutz ophält, schwätzt ee vun enger Zipfelmutz. Dacks hu sou Mutzen um Wutz e Pompon.

Eng Schlofmutz gouf fréier am Haus gedroen (net onbedéngt just fir ze schlofen), wéi et nach keng Zentralheizung gouf. Haut gëtt de Begrëff am iwwerdroene Sënn fir Leit gebraucht, déi dacks midd sinn, vill schlofen oder verschlof hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mutz – Biller, Videoen oder Audiodateien