Mutz vum Monomach (Kascht)

Vu Wikipedia
Kuch
Mutz vum Monomach

Mutz vum Monomach (Шапка Мономаха) ass russesche Kascht a Form vun der traditioneller Kroun vun de Groussfürsten an den éischten Zaren. Déi Bezeechnung gëtt souwuel fir eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och fir e Friichtekuch gebraucht.

Zalot[änneren | Quelltext änneren]

D'Ingrediente ginn all kleng geschnidden oder gerappt. Da gi se a Loen opgekéipt, tëscht all Lo kënnt e bësse Mayonnaise:

  1. Gromperen
  2. rout Rommelen
  3. Muerten
  4. déck Nëss
  5. gekacht Schwéngefleesch
  6. Gromperen
  7. Eegiel
  8. feste Kéis
  9. gekacht Schwéngefleesch

De pelze Rank ronderëm d'Kroun besteet aus festem Kéis mat Mayonnaise, an driwwer Eewäiss mat décken Nëss.

Dekoréiert gëtt d'Kroun mat Granatäppel an Ierbëssen, op d'Spëtzt kënnt eng hallef ausgehielegt Ënn mat weidere Granatäppel.

Kuch[änneren | Quelltext änneren]

Beim Kuch gëtt et verschidde Rezepter, an der Haaptsaach muss eng Form vun enger Mutz vum Monomach dobäi entstoen.

Et gëtt Biscuitsdeeg gebak, deen dann entweeder mat Gebeess gerullt, oder gewierfelt a mat Kiischten (heiansdo och gedréchent Quetsche) gemëscht gëtt. Zesummegehale ginn d'Deegstécker entweeder duerch eng zéiflësseg Crème aus Ee, Zocker, Mëllech a Botter, oder duerch eng méi säfteg aus saurer Rahm a gezéckerter Kondensmëllech.

Dacks kënnt eng Schockelasglasur driwwer, mä virun allem muss eng Dekoratioun als Edelstengimitatioun dropkommen, Wisekréischelen eegne sech do am beschten.