My-Cephei-Stär

Vu Wikipedia

Als My-Cephei-Stäre bezeechent een eng Grupp vu verännerleche Risen- an Iwwerrisestäre mat der Spektralklass G8 bis M6, deenen hir Hellegkeet a Form vu ganz laanggestreckte Wellen, meeschtens mat klenger Amplitud, ënnerbrach duerch Stëllstänn oder kierzer Schwankungen, variéiert. Dës Klass ass nom Granatstär (μ Cephei) benannt, deen an diversen Ofstänn seng visuell Magnitude ännert, wat charakteristesch fir Stäre vun där Klass ass.