Tania Australis (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) My Ursae Majoris)

Den Tania Australis (och El Phekrah) ass den Numm vum Stär μ (my) Ursae Maioris am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier).

Den Tania Australis gehéiert zu der Spektralklass M0III an huet eng visuell Magnitude vu +3,06m. Hien ass zirka 249 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech (Hipparcos Datebank). Dat Wuert Tania heescht "den zweete (Sprong vun der Gazell)", Australis (lat.) steet fir "südlech".

Et ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a seng Hellegkeet variéiert tëscht +2,99 a +3,33 mag.

Koordinate fir d'Equinoxe 2000:

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie