Myein

Vu Wikipedia
Myein
Logo vu Myein
Museksgenre Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2002
Trennung 2004
Memberen Andrea Fiorucci (Gittar)
José Dos Santos (Gittar)
Sean Birch (Bass)
Hugo Jäger (Batterie)
Serge Santos (Gesank)

Myein war eng lëtzebuergesch Rockband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Myein huet tëscht 2002 an 2004 existéiert. 1999 hu sech zoufälleg déi zwéi Gittaristen Andrea Fiorucci a José Dos Santos begéint an ugefaange Musek ze maachen. No an no koumen de Bassist Sean Birch an den Drummer Hugo Jäger dobäi, mä well den Andrea Fiorucci, deen d'Texter geschriwwen huet, net wollt sangen, gouf Ufank 2002 no engem Sänger gesicht an an der Persoun vum Serge Santos fonnt.[1]

D'Band ass 2003 op déi zweet Plaz bei der Lëtzebuerger Editioun vum Emergenza Festival komm.[2]

Um Lidd Silly op der EP mam selwechten Numm (2004) huet d'Claudine Muno den Hannergrondgesank iwwerholl.

Dräi Membere hunn 2005 de Grupp Medley Jukebox gegrënnt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Eyes See (Demo)

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: Silly?

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bandgeschicht um Blog vu Medley Jukebox op blogg.org (26. September 2005; gekuckt den 18. Januar 2014)
  2. land.lu: CD Silly ? de Myein - Music is my diary vum Josée Hansen (24: Juni 2004 ;gekuckt den 18. Januar 2014)