Mystère vun Eleusis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eleusesch Triad: Demeter (l.), Persephone (r.)

D'Mystère vun Eleusis waren Initiatiouns- a Weirite vum Demeter- a Persephonekult déi hiren Ursprong zu Eleusis am antike Griicheland haten. Dës Mystèren a Ritualer hu sech spéider och am Réimesche Räich verbreet.

Déi déi un de Mystèrefeieren deel geholl hunn, hu misse geheimhale wat do geschitt ass an domat zu engem exklusive Krees gehéiert. Si hu gegleeft doduerch un der gëttlecher Muecht deelzehuelen an am Liewe nom Doud dovun ze profitéieren. Trotz der Geheimhaltungsflicht konnt awer aus archeologeschen Ausgruewungen an iwwerliwwerten Texter den Oflaf bei de Feiere méi oder wéineger rekonstruéiert ginn.

D'Mystèren hunn aus enge sëlleche kultesche Virbereedungen, no deenen dann en Ëmzuch mat bis zu 3.000 Leit op der helleger Strooss vun Athen op Eleusis gezunn ass. Während dem Ëmzuch sinn Zeene gespillt ginn déi d'Geschichte vun der Demeter, der Persephone an dem Dionysos duergestallt hunn.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

D'Mystère baséieren op enger Legend déi sech ëm d'Demeter, d'Gëttin vum Liewen an der Fruchtbarkeet, dréit. Hir Duechter Persephone ass hir duerch den Hades, de Gott vum Doud a vun der Ënnerwelt, entfouert ginn. Während d'Demeter no hir gesicht huet, huet si hir Flichte vernoléissegt. Alles op der Äerd ass gefruer an d'Mëschen hu gehongert; et war deen éischte Wanter. Um Enn huet si d'Persephone fonnt an et ass hir gelongen se mat erëm ze bréngen. D'Äerd huet erëm ugefaangen ze liewen, et war dat éischt Fréijoer.

Während där Zäit wou d'Persephone an der Ënnerwelt war, hat den Hades hir awer e Granatapel ginn, vun deem si e bësse Som giess huet, duerno konnt si ni méi fir ëmmer bei déi Lieweg zréck an huet misse fir en Drëttel vum Joer an der Ënnerwelt verbréngen. De Rescht vum Joer huet se bei hirer Mamm verbruecht. Sou sinn d'Joreszäiten entstanen (d'Griichen hunn den Hierscht als Joreszäit net kannt).

Mat de Mystère vun Eleusis ass dem Persephone hire Retour an d'Welt vun de Liewege gefeiert ginn, als de Fréijoersufank. Well si während hirem Openthalt an der Ënnerwelt Som giess huet, e Symbol vum Liewen, steet hir Reinkarnatioun symbolesch fir d'Reinkarnatioun vun allem planzleche Liewen am Fréijoer, an am Allgemenge fir all d'Liewen op der Aërd.

Am Homer senger Hymn un d'Demeter war de Kinnek Keleos ee vun den ursprénglechen Demeter-Priisteren an ee vun deenen éischten déi an déi geheim Riten a Mystère vun hirem Kult ageweit goufen. Déi aner Priistere waren den Diokles, den Eumplos, den Triptolemos an de Polyxeinos. Den Triptolemos, deen d'Wëssen iwwer d'Landwirtschaft direkt vun der Demeter erhalen hat, huet dëst un d'ganzt Vollek vun de Griiche weiderginn.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwee Mystère vun Eleusis: déi grouss an déi kleng Mystèren.

Déi kleng sinn am Mount Anthesterion (Mäerz) ofgehale ginn, woubäi sech de geneeën Datum bei Bedarf geännert huet. Fir d'éischt ass e Schwäi geaffert ginn, an duerno hunn d'Priistere sech rituell gerengegt. Da sinn d'Kandidate vun de Priistere fir d'Initiatioun gerengegt ginn.

Déi grouss Mystère sinn am Mount Boedromion (August/September) gefeiert ginn, dem éischte Mount aus dem Attesche Kalenner. Si hu néng Deeg gedauert. Zu hirem Optakt sinn déi gehellegt Géigestänn de 14. Boedromion vun Eleusis zum Eleusinion, engem Tempel um Fouss vun der Akropolis zu Athen bruecht ginn.

De 15. Boedromion hunn d'Hierophanten den offiziellen Ufank vun de Rite bekannt ginn (Prorrhesis). D'Zeremonie huet de 16. Boderomion zu Athen ugefaange mat der feierlecher Wäschung vun de Priister am Mier bei Phaleron an dem Affere vun engem jonke Schwäin am Eleusinion de 17. Boedromion.

Zwéin Deeg méi spéit ass um Athener Kierfecht Kerameikos d'Prëssessioun ërem zréck op Eleusis gaangen. Hanner de Priisteren, déi d'Tafele vum Dionysos héichgehal hunn, ass d'Bevëlkerung duerch d'helleg Strooss gezunn a si hunn dobäi dräi Ofschnëtter passéiert déi ee Bakchoi genannt huet. Op engem bestëmmte Punkt vum Wee hunn se obszön Ausdréck geruff déi un d'Iambes sollten erënneren, enger Mod déi d'Demeter nom Verloscht vun hirer Duechter mat engem graffe Witz wollt opmonteren, wat hir och gelonge war.

Nodeem d'Prëssessioun zu Eleusis ukomm war, ass ee Faaschtendag ageluecht ginn, zum Gedenken un der Demeter hiert Faaschte während hirer Sich nom Persephone. Duerch d'Drénke vun engem extrae Gedrénks aus Geescht a Fraemënz, dem Kykeon, ass d'Faaschten ënnerbrach ginn. Den 20. an 21. hunn déi zukënfteg Priisteren den Telesterion, eng grouss Hal, betratt. Do sinn hinnen déi helleg Reliquie gewise ginn an d'Priisterinnen hunn hir Visiounen aus der helleger Nuecht bekannt ginn. Am Zentrum vum Telestrion war den Anaktoron, de Palast, bei deem et sech ëm e schmuelt, stengend Gebai gehandelt huet, zu deem nëmmen d'Hierophanten Zoutrëtt haten. Am Anaktoron goufen déi helleg Objete vun der Demeter versuergt. Dat wat am Telesterion geschitt ass huet zu deem geheimsten Deel vun de Mystère gehéiert an op Verrot stoung d'Doudesstrof.

Owes ass d'Pannychis gefeiert ginn, e grousst Fest, dat déi ganz Nuecht gedauert huet a vun Danz a Freed begleet war. Déi zur Wei bestëmmte Jongen hunn op de Rharesche Felder a Meedecherskleeder wéi den Dionysos gedanzt. Nuets, oder am fréie Mueren ass e Stéier geaffert ginn.

Den Dag nom Fest, dem 22. Boedromion, hunn d'Initiaten den Doud duerch ee speziellt Drénkaffer geéiert. Den 23. sinn d'Mystèren zu Enn gaangen.

Participanten[änneren | Quelltext änneren]

Véier Zorte vu Leit hunn un de Mystère vun Eleusis deelgeholl:

  • d'Priister, Priisterinnen an Hierophanten
  • déi zur Wei bestëmmte Jongen déi un der Zeremonie fir d'éischt deelgeholl hunn
  • anerer, déi schonn emol deelgeholl haten
  • déijéineg déi un der Epopteia deelgeholl hunn an déi grouss Geheimnisser vun der Demeter gewuer gi sinn.

Visiteuren déi d'Feieren, a besonnescht den Zuch duerch déi helleg Strooss begleet hunn, hunn net direkt un de Mysterien deelgeholl.

Zäit an Enn vun de Mystèrefeieren[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt d'Mystèren zanter dem Mykeneschen Zäitalter, zanter 1500 v. Chr. gefeiert goufen. Si sinn all Joer iwwer eng Zäit vu ronn zweedausend Joer ofgehale sinn. Ënner dem Pisistratos vun Athen sinn d'Mystère vun Eleusis zu engem panhelleneschem Evenement ginn a Pilger aus ganz Griicheland an doriwwer eraus hunn un de Feieren deelgeholl.

Ongeféier zanter 300 v. Chr. louch d'Kontroll vun de Mystère beim Staat. Ganz besonnesch zwou Famillen hate vill Afloss: d'Eumolpiae an d'Kerykes. Dat huet dozou gefouert dat ëmmer méi Weiadepte sech gemellt hunn. Déi eenzeg Viraussetzung war datt se keng Bluttschold haten a keng Barbare waren, wat geheescht huet: si hu kee Muerd begaangen an si hu misse griichesch schwätzen. Männer, Fraen a souguer Sklave war et erlaabt als Adept d'Wei z'empfänken.

Den Augustus ass an déi eleusesch Mystèren ageweit ginn an de Claudius wollt de Kult op Roum verleeën. Den Nero, dee sech och a Griicheland opgehalen huet, huet de Besuch zu Eleusis nom Muerd u senger Mamm gemidden. Dee leschte réimesche Keeser deen nach an d'Mystèren ageweit gouf war de Julianus II.. D'Feiere sinn am Joer 392 n. Chr. duerch de réimesche Keeser Theodosius I. per Dekret verbuede ginn. Mat der Zerstéierung vum Tempel zu Eleusis duerch de Gotekinnek Alarich 395 n. Chr., an deem sengem Gefolleg arianesch Chrëschte waren, sinn d'Mystèren an de Vergiess geroden.

Vum Enn vun de Mystère vun Eleusis huet am véierte Joerhonnert den Eunapios beriicht, en Historiker a Biograph vu griichesche Philosophen. Den Eunapios selwer ass vum leschte legitimen Hierophant geweit ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mystère vun Eleusis – Biller, Videoen oder Audiodateien
Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.