Näerdener Baach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Näerdenerbaach)
Näerdener Baach
D'Näerdenerbaach vum Flouer Eech aus gesinn. Am Hannergrond Näerden, Enn Mäerz 2013
Längt 3,19 km
Originn
Originn Zesummelaf
Plaz Hitten
Héicht 275 m
Koordinaten 49° 44’ 11.0’’ N
      05° 54’ 27.3’’ O
Konfluenz
Leeft an Pall
Plaz Nidderpallen
Héicht 263 m
Koordinaten 49° 45’ 14.6’’ N
      05° 54’ 49.9’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Guttland
Uertschaften Hitten
Näerden
Nidderpallen

D'Näerdener Baach, vun den Näerdener och nach Wobech genannt, ass eng kleng Baach an de Gemenge Biekerech a Réiden op der Atert.

Si entsteet aus der Mollbaach an der Millebaach, déi just hanner Hitten op enger Héicht vun 275 m zesummelafen. Si leeft dann no Osten fir op Näerden ze kommen, wou se virum Duerf no Norden dréit, leeft dann duerch d'Duerf an ënner der N 24 erduerch, fir dann no ongeféier 1.700 m bei Nidderpallen, op enger Héicht vun 263 m, an d'Pall ze lafen.

Et ass e rietsen Niewefloss vun der Pall an huet selwer zwou kleng Baachen ouni Numm, déi hanner Näerden dra lafen; eng riets, déi vum Flouer Geespeltchen kënnt, an eng lénks, déi tëscht Biekerech a Réiden op der Atert op Kréber entspréngt.

De 25. Februar 2023 gouf d'Näerdener Baach duerch Piff verknascht, deen aus engem Rouer vun der Biogasanlag zu Huewel ausgelaf ass. Dernieft waren och d'Millebaach an d'Pall betraff[1].

Schonn am November 2021 gouf et eng éischt Fuite an dëser Biogasanlag. D'Auswierkungen op d'Baache waren déi Kéier awer bei Wäitem manner schro.[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Näerdener Baach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Verschmotzung vun 3 Baachen duerch Biomass, Fuite vun 1.000 Meterkibb geschat Artikel op rtl.lu, fir d'lescht opgeruff de 25.02.2023.
  2. Polizei meldet größeren Zwischenfall bei Biogasanlage Artikel vum Tageblatt, fir d'lescht operuff de 25.02.2023.