Nordhallefkugel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nërdlech Hallefkugel)
Nordhallefkugel

Als Nordhallefkugel, nërdlech Hallefkugel oder nërdlech Hemisphär gëtt deen Deel vun der Äerd bezeechent, deen nërdlech vum Equator ass. D'Geographesch Breet huet dobäi d'Virzeechen N.

Den astronomesche Summer geet do vum Juni bis den August an de Wanter vun Dezember bis Februar.

Duerch d'Corioliskraaft sinn Déifdrockgebidder an och z. B. Hurrikaner op der Nordhallefkugel (bal) ëmmer lénks gedréit – géint den Auerzäresënn.

D'Nordhallefkugel huet méi eng grouss Landfläch wéi d'Südhallefkugel, ass awer net identesch mat der Landhemisphär.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maps of Earth's hemispheres – Biller, Videoen oder Audiodateien