Nërdleche Stärenhimmel

Vu Wikipedia
Nërdlech Hemisphär, eng Graphik vum Benotzer:Roberto Mura,
(Legend engl.)

Den nërdlechen Himmel (Nordstärenhimmel, nërdleche Stärenhimmel) ass déi Hallschent vum Stärenhimmel, déi nërdlech vum Himmelsequator läit. Hie ka vum Nordpol aus ganz iwwerbléckt ginn.

Bei gudder Siicht ëmfaasst den nërdleche Stärenhimmel ronn 2000 fräi mat bloussem A siichtbar Stären, bei Gebrauch vun enger Spektiv ongeféier 20.000 bis 40.000 Stären. A Groussstied gesäit een, jee no Liicht- a Loftverschmotzung, ongeféier 200 bis 500 Stären. Déi hellst Stäre sinn all méi grouss wéi eis Sonn, den hellsten (mat visueller Hellegkeet 0,0 mag, d'Vega am Stärebild Lyra) huet e 4-fache Sonneradius, duebel Temperatur (12.000 °C) an ass 25 Liichtjoer vun eis ewech.

Den nërdlechen Himmel weist eppes manner Fixstäre wéi de südlechen Himmel, well den Zentrum vun der Mëllechstrooss ongeféier 20° südlech vum Equator, am Stärebild Sagittarius läit. Vun deene 14 hellste Stären (bis Hellegkeet 1,0) sinn der 7 um Nord- a Südhimmel, an dat grousst Wantersechseck läit gréisstendeels um nërdlechen Himmel, deen am Wanter de schéinsten Ubléck bitt.

Den exakten Zentrum vum nërdlechen Himmel ass déi verlängert Äerdachs, den Himmelsnordpol. Knapps 1° vun him ewech zitt de Polarstär nuets säi klenge Krees, 30-40° weider déi opfälleg Stärebiller Cassiopeia an den Ursa Major.

Queesch iwwer den nërdleche Stärenhimmel zitt sech dat schwaach liichtend Band vun der Mëllechstrooss – ënner anerem duerch d'Stärebiller Gemini, Perseus, Cassiopeia a Cygnus, wou si sech visuell deelt.

Beim Iwwergank zum südlechen Himmel läit, no beim Himmelsequator, dat bekannt Wanterstärebild Orion.

Wärend een um Equator zu jiddwer Jores- an Nuetszäit genee d'Hallschent vum nërdlechen Himmel iwwerbléckt, gesäit een an de mëttlere Breede vun Europa 70–80 Prozent vum Nordhimmel, souwéi a südlecher Bléckrichtung en Deel vum Südleche Stärenhimmel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie