NAMSA
D'NAMSA (engl. :NATO Maintenance and Supply Agency / frans. : Agence OTAN d'entretien et d'approvisionnement) ass en haaptlogistesche Stëtzpunkt vun der NATO mat Sëtz zu Kapellen.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht[änneren]
D'NAMSA gouf am Joer 1958 vun der NATO gegrënnt. Am Ufank war d'NAMSA zu Châteauroux installéiert an hat och Bureauen an der Rue Ancelle zu Neuilly westlech vu Paräis. 1968, kuerz nodeem de President Charles de Gaulle säi Land aus dem integréierten NATO-Commandement erausgeholl hat, huet d'NAMSA hire Sëtz op Lëtzebuerg an d'Garerstrooss zu Kapellen verluecht, wou se bis haut besteet.
Missioun[änneren]
D'Missioun vun der NAMSA besteet ausschléisslech doranner, déi verschidden NATO-Memberstaate bei der Organisatioun vum Akaf an der Besuergung vu militäreschem Material an Ersatzdeeler z'ënnerstëtzen, genee esou wéi déi néideg Reparatur- an Entretiensservicer fir verschidde Waffesystemer aus de jeeweilegen Arméien ze stellen.
Aufgabeberäicher[änneren]
Déi Haaptaufgabeberäicher vun der NAMSA sinn:
- Approvisionnement
- Maintenance
- Akaf
- Kontrakt-Gestioun
- Technesch Ënnerstetzung
NAMSO[änneren]
D'Aktivitéite vun der NAMSA stinn ënnert der Kontroll vun der NAMSO (NATO Maintenance and Supply Organization), déi sech aus 26 Memberstaaten zesummesetzt.
D'Missioun vun der NAMSO besteet dodranner, d'Efficacitéit vun der logistescher Ënnerstëtzung vun de NATO-Memberstaaten hire Sträitkräften op e Maximum eropzesetzen an d'Käschten op e Minimum ze reduzéieren. D'Organisatioun gëtt vu senge Cliente finanzéiert a realiséiert weder e Gewënn nach e Verloscht. D'Clientèle setzt sech haaptsächlech aus de Sträitkräfte vun de NAMSO-Memberstaaten an dem SHAPE zesummen.
Um Spaweck[änneren]
Albanien - Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Kroatien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tierkei -
Tschechesch Republik - Ungarn - USA
