NATO Response Force

Vu Wikipedia
Wope vun der NRF
Wope vun der NRF

D'NATO Response Force (NRF) ass eng séier Agrëffstrupp vun der NATO. Am Kader vun hirer Ëmstrukturéierung an der Upassung un nei Erausfuederungen nom Enn vum Kale Krich huet sech d'Nordatlantesch Allianz fir den Opbau vun enger Agrëffstrupp (Response force) entscheet, déi bannent fënnef Deeg komplett asazbereet op der Plaz ka sinn, a bis zu 30 Deeg laang autonom am Asaz bleiwe kann. Dës Trupp soll am Kader vu Missioune vun de Vereente Natiounen an der NATO mat Aufgabe wéi Moossname fir de Fridden ze sécheren a Fridden ze schafen, der Evakuéierung vun Zivilisten oder der Iwwerwaachung vun Embargoe betraut ginn.

Bestanddeeler vun der NRF[änneren | Quelltext änneren]

D'NATO-Memberstaaten bedeelege sech mat verschiddenen Eenheeten an der NRF an zu ënnerschiddlechen Ausmoossen. Si steieren heibäi Land-, Loft- an Séisträitkräfte bäi. Fir d'Belaaschtung vun enger Dauerasazbereetschaft ze vermeiden, gouf e Rotatiounssystem agefouert, dee siwen Operatiounsbereetschafte vun all Kéier sechs Méint ëmfaasst. Déi ginn duerchnummeréiert nom Schema NRF 1, NRF 2, asw. Nom Oflaf vu siwen Operatiounsbereetschaftsperiode gëtt erëm vu vir ugefaangen, d. h. NRF 8 entsprécht am grousse Ganzen der NRF 1.

D'Lëtzebuerger Arméi huet wëlles, sech an absehbarer Zäit där Trupp aktiv unzeschléissen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]