NEAR Shoemaker

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Graphik vun der Sond NEAR
NEAR-Foto vum Asteroid Eros

D'NEAR Shoemaker war eng US-amerikanesch Raumsond, déi 1996 gestart war, fir den Asteroid Eros z'erfuerschen. NEAR ass d'Ofkierzung fir Near Earth Asteroid Rendezvous; den Zousaznumm „Shoemaker“ krut d'Sond am Joer 2000 nom Doud vum Geo- an Planetolog Eugene Shoemaker.

Miessinstrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Déi 818 kg schwéier Sond war déi éischt, déi am Kader vum Discovery-Programm vun der National Aeronautics and Space Administration gestart war. Als Instrumenter hat si nieft Kameraen e Magnéitometer, Röntgen- a Gammastralespektrometer, Infraroutsensoren an e Laser-Distanzmiesser. Als internationale Partner war Däitschland bedeelegt.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Start vun Near mat enger Delta II 7925-8

D'NEAR hat d'Äerd de 17. Februar 1996 op enger Delta-II-Rakéit verlooss. Schonn am Mäerz 1996 konnt d'Sond en etlech Biller vum Koméit Hyakutake aus grousser Distanz maachen. E Fluch laanscht den Asteroid (253) Mathilde war de 27. Oktober 1997 gelongen. Den Ofstand war 1.200 km. D'Sond hat en etlech Biller op d'Äerd geschéckt. En Afléien an en Orbit ëm den Asteroid Eros war zum Joreswiessel 1998/1999 net gelongen.

E Joer méi spéit wéi geplangt, de 14. Februar 2000, hat d'NEAR dee gewënschtenen Orbit ëm den Eros erreecht. D'Sond war domat den éischten Asteroiden-Orbiter an der Geschicht vun der Raumfaart. Am Laf vun de folgende Méint gouf den Asteroid grëndlech erfuerscht. D'Ëmlafbunn gouf vun 350 km op bis zu 50 km erofgesat. No engem Jier am Orbit ëm den Eros ass dann d'Sond den 12. Februar 2001 erfollegräich op der Uewerfläch vum Asteroid gelant. Och dat war en Novum an der Raumfaart, well si guer net fir eng Landung geduecht war. Nach bis zum 28. Februar 2001 hat d'Sond Doneeë vum Eros gesent, duerno ass de Kontakt ofgebrach, well d'Solarpanéilen net méi a Richtung Sonn gewisen haten. E weidere Kontaktversuch am Mäerz vum selwechte Joer ass feelgeschloen.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Den Discovery-Programm vun der NASA war deelweis konzipéiert, technologesch a wëssenschaftlech Neies ze bréngen. Mat NEAR war dëst gelongen. D'Sond war den éischten Asteroiden-Orbiter an hat och déi éischt Landung op engem Asteroid gemaach – ouni datt een entspriechend Landesystemer agebaut hat. Fir eng Sond am Kader vum Discovery-Programm war si mat relativ villen Instrumenter equipéiert (sechs Experimenter a Sensoren) a konnt den Eros méi genee wéi all aner Asteroiden erfuerschen.

Missioune vu weidere Sonde bei Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jim Bell, Jacqueline Mitton: Asteroid rendezvous - NEAR Shoemaker's adventures at Eros. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2002, ISBN 0-521-81360-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]