NGC 1499

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kalifornienniwwel
California-nebula.jpeg
Engleschen Numm California Nebula
Katalogbezeechnung NGC 1499
Rektaszensioun 4h 03m 12s
Deklinatioun +36° 21'
Equinoxe J2000.0
Visuell Magnitude +5,0m
Distanz ~1000 Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser 160 × 40 Bouminutten
Stärebild Perseus (Per)

Den NGC 1499 ass e Gasniwwel am Stärebild Perseus. Den NGC 1499 läit 36' nërdlech vum Xi Persei a gëtt wéinst senger Form och Kalifornienniwwel genannt.

Infraroutfoto vum WISE

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Kalifornienniwwel gouf ëm d'Joer 1884 vum amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt. Kuerz drop huet de Johan Dreyer den Niwwel a sengem New General Catalogue opgeholl.

Astronomesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den Niwwel ass mat 1000 Liichtjoer Distanz, déi HII-Regioun déi am nooste bei ons läit, e Stäregebuertsgebitt. D'Wollek gëtt wahrscheinlech vum noe Stär Menchib (ξ Persei), deen am Niwwel entstanen ass, zum Liichten ugereegt.

Wéinst senger klenger Flächenhellegkeet ass d'Form vum Niwwel nëmmen op laang beliichte Fotoen z'erkennen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: California Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien