NGC 2736
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
|
|---|---|
|
Emissiounsniwwel NGC 2736 Foto vum Hubble Space Telescope
|
|
| Stärebild | Vela |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 9h 0m 16,9s |
| Deklinatioun | -45° 56' 53" |
| Ausgesinn | |
| Niwweltyp | Emissiounsniwwel |
| Schäinbaren Duerchmiesser | 20' × 2' |
| Physikalesch Daten | |
| Distanz | 815 Liichtjoer |
| Absoluten Duerchmiesser | 114 Liichtjoer |
| Katalognimm | |
| NGC 2736, ESO 260-N14 | |
Den NGC 2736 ass een Emissiounsniwwel, och Bläistëft-Niwwel genannt am Stärebild Vela, deen 815 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. De NGC 2736 ass den Iwwerrescht vun enger gewalteger Explosioun vun enger Supernova, virun 11.000 Joer. Dës Supernova gëtt d'Vela Supernova genannt. No Berechnunge soll am Ufank d'Explosioun 250 mol méi hell wéi d'Venus geliicht hunn a sech mat enger Vitesse vun 40 Milliounen Kilometer pro Stonn ausgedeent hunn. Dës Vitesse huet sech bis haut op 64.0000 Kilometer pro Stonn reduzéiert.
[änneren] Entdeckung
Den Emissiounsniwwel NGC 2736 gouf den 1. Mäerz 1835 vum briteschen Astronom John Herschel entdeckt.