NGC 3242

Vu Wikipedia
NGC 3242
Falschfaarwenduerstellung vun enger Observatioun mat Linnefilter vum Hubble-Weltraumteleskop: 658 nm (rout), 656 nm (gréng) an 502 nm (blo).
Stärebild Hydra (Hya)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h 24m 46s
Deklinatioun - 18° 38' 32"[1]
Ausgesinn
Visuell Magnitude 7,7[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
8,6 mag
Wénkelduerchmiesser 20.8[2]
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 2500[2]
Routverrécklung +0,000016
Radialvitess +4,7
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 7. Februar 1785
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CS 12.0
GC 2102
h 3248
H 4.27
NGC 3242
ESO 568-PN5
PK 261+32.1

Den NGC 3242 (och als Jupitergeescht beschriwwen) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Hydra.

Den Niwwel setzt sech aus engem dichte Beräich mat engem Duerchmiesser vu 16 × 24 Bousekonnen an engem visuell liichtschwaache Mantel vu 40 × 35 Bousekonne Duerchmiesser zesummen. Well dee Mantel am Teleskop bal déi selwecht Ausdeenung wéi de Planéit Jupiter huet, gëtt hien och als Geescht vum Jupiter (engl: Ghost of Jupiter) bezeechent. Déi visuell Magnitude vum visuellen Niwwel ass 7,7 mag.

Fotoe weisen allerdéngs, datt den Niwwel mat 20,8 Bouminutte méi grouss ass (am Verglach: den Äerdmound huet vun der Äerd aus gesinn en Duerchmiesser vu ronn 30 Bouminutten).

Am Zentrum vum Niwwel ass e Wäissen Zwergstär mat enger visueller Hellegkeet vun 12,1 mag. Seng Distanz zu der Sonn konnt bis elo net eendeiteg bestëmmt ginn, gëtt awer meeschtens mat 2.500 Liichtjoer uginn. Eng aner Schätzung geet dogéint vun enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer aus.

Den Niwwel gouf de 7. Februar 1785 vum Wilhelm Herschel entdeckt, an als H 4.27 katalogiséiert. De John Herschel huet en ëm 1830 vum Kap vun der Gudder Hoffnung aus observéiert an huet en 1864 als GC 2102 an de General Catalogue opgeholl. Am Dreyer sengem New General Catalogue vun 1888 krut den Niwwel d'Nummer NGC 3242.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 3242 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA/IPAC EXTRAGALACTIC DATABASE
  2. 2,0 2,1 2,2 SEDS